"D’Situatioun ass agefruer"

© Image by Envato Ruslaha44
Et war wuel de Startschoss fir d’Chamberwalen: d’lescht Woch huet den LSAP-Wirtschaftsminister Fayot den CSV-Spëtzekandidat Frieden attackéiert.
Dat, well d’CSV a punkto TVA-Logement Propose géing maachen, déi net ëmsetzbar wieren. Domat gemengt ass d’Iddi, fir den Taux super-réduit vun dräi Prozent fir Investisseuren z’applizéieren, déi nei Locatiounswunnenge bauen, well da nees méi Wunnenge gebaut géifen. Mä d’Tauxe sinn effektiv agefruer, erkläert den Direkter vum Enregistrement Romain Heinen am Interview.
Ee wichtege Message virop: De Romain Heinen betount, "datt d’Verwaltung selbstverständlech politesch neutral ass. Mir maache keng Politik."
Wouhier kommen déi super-reduzéiert Tauxen?
Fir ze verstoen, wou déi Tauxen hierkommen, muss een zréck an d’Vergaangenheet, bis bei d’Kreatioun vum europäesche Bannemarché, wéi d’Douanesgrenze gefall sinn, mee d’Steiergrenzen net, erkläert de Romain Heinen. Deemools huet d’EU-Kommissioun Propositioune gemaach, fir d’Tauxe vun der TVA staark ze harmoniséieren. Déi Harmoniséierung hätt an engem klénge Land wéi Lëtzebuerg, dat vill Wueren aféiert, e staarken Impakt op d’Inflatioun gehat.
Dofir huet Lëtzebuerg 1991 en Accord verhandelt, "wou dem Impakt op d’Inflatioun Rechnung gedroe gouf a wou mir eng ganz Partie Derogatioune kritt hunn, notamment vun der TVA Logement, déi déi aner Länner net haten. De Principe général ass, datt een en Taux réduit, deen allerdéifstens fënnef Prozent ass, op de Logement kann applizéiere ginn am Kader vun der Sozialpolitik. A mir konnten en Taux super-réduit vun dräi Prozent applizéieren, allgemeng op d’Kreatioun an d’Renovatioun vu Logementer, wat vill méi breet ass an der Applikatioun wéi de Régime général."
An de Joren dono hunn awer eng Partie Saache geännert. Engersäits gouf d’TVA-Taux am sougenannten "Pays de déstination" applizéiert, do also, wou de Konsument ass. Doduerch huet Lëtzebuerg bekanntlecherweis vill Recetten aus dem Commerce éléctronique verluer. Justement fir de Verloscht vun deene Recetten op d'mannst zum Deel ze kompenséieren, gouf 2015 decidéiert, fir de super-reduzéierten Taux am Logement fir Investisseure beim Bau vu neie Locatiounswunnengen ofzeschafen. Fir eng Gréisstenuerdung ze ginn: d’lescht Joer huet den Déchêt fiscal, deen duerch déi super-reduzéiert Tauxe vun der TVA-Logement entstanen ass, 217 Milliounen Euro ausgemaach.
Wéi ass d’Situatioun elo?
Dono war d’Situatioun also déi wéi se haut ass: Leit, déi eng nei Wunneng fir sech selwer kafen oder bauen, kënne vum super-reduzéierten Taux vun dräi Prozent TVA profitéieren. Investisseuren, déi Locatiounswunnenge bauen oder kafen, net méi. Bei Renovatioune vu Logementer kënne souwuel Investisseuren, wéi d’Besëtzer vun hirer eegener Wunneng vum super-reduzéierten Taux vun dräi Prozent profitéieren. Déi fiskalesch Faveur ass an all deene Fäll limitéiert op maximal 50.000 Euro.
Bei den aktuellen TVA-Tauxen, déi duerch d’Beschlëss vun der Tripartite erofgesat goufen, entsprécht dat engem Baupräis vun 385.000 Euro. A wann den Taux d’nächst Joer nees normal op 17 Prozent klëmmt, vun 357.000 Euro, esou de Romain Heinen. Doduerch, datt d’Präisser klammen, mee de Seuil fixéiert ass, gëtt déi "Faveur" manner grouss.
2022 koum dunn eng nei europäesch Direktiv a Saachen TVA. Déi huet engersäits dem Prinzip vum "Pays de destination" Rechnung gedroe – wa souwisou jeeweils den Taux vun deem Land applizéiert gëtt, wou d’Consommateure sinn, net deen aus engem anere Land, geet de Konkurrenzdrock tëscht Memberstaaten erof. An anerersäits dem Ëmstand, datt nei Memberlänner, déi der EU bäigetruede sinn, systematesch Derogatioune refuséiert kruten, vun deene Lëtzebuerg profitéiert huet. Dowéinst wier den Drock am Conseil vun de Finanzministeren an d’Luucht gaangen, eppes ze änneren.
Mat där neier Direktiv kruten also all aner EU-Memberstaaten d’Méiglechkeet, déi nämmlecht Derogatiounen z’applizéieren, wéi Lëtzebuerg. Den 1. Januar 2021 gouf deemno gekuckt, wéi eng dat waren. An dat, esou de Romain Heinen, huet mat sech bruecht, "datt bei eis d’Situatioun op de 1. Januar 2021 agefruer ass. Mir kënnen net méi postérieurement d’Konditioune vun der Stee änneren. Dat geet aus dem Text ervir."
Do steet dran, datt Lëtzebuerg seng super-reduzéiert Tauxe vun dräi Prozent, déi virun zwee Joer a Kraaft waren, däerf weider applizéieren, fir all Logementer – net just Logementer, déi am Kader vun der Sozialpolitik gebaut ginn. An dat heescht, esou de Romain Heinen: "Dat bleift op deem Niveau, sou wéi et elo ass."
Firwat kënnen d’Tauxen elo net méi geännert ginn?
Et ass eng sougenannten "Stand-still clause". Wéilt een do Ännerunge maachen - zum Beispill fir Investisseuren a Locatiounswunnengen de super-reduzéierten Taux op neie Wunnengen ze ginn-, géif een eng Procédure d’infraction vun der Kommissioun riskéieren. Datt dee Risiko net just theoretesch ass, dofir krut den Enregistrement Confirmatioun, wéi duerch d’Tripartite-Beschlëss d’TVA-Tauxe fir dëst Joer ëm 1 Prozent erof gesat goufen. De Romain Heinen seet: “D’Kommissioun ass zwar e politescht Organ. D’Kommissioun huet keng Procédure d’infraction bis elo géint Lëtzebuerg doran initiéiert. Mä et ass eis awer ganz kloer vun der Direction générale vun de Steiere gesot ginn, datt si dat als Infractioun zu där Stand-still clause do gesinn."
Dofir mengt den Direkter vum Enregistrement, datt "wa mer wëlle Gebrauch maachen vun der Derogatioun och an Zukunft, da si mer de Moment ënnert de Konditioune vum 1. Januar 2021 limitéiert."
Ass et méiglech, de Seuil ze änneren?
Wier et wënschenswäert aus der Derogatioun fir d’TVA Logement eraus ze klammen, zum Beispill wëll de Seuil vu 50.000 Euro am Verglach mat de steigende Baukäschten ëmmer manner wäert gëtt an een dee wéilt an d’Luucht setzen?
An deem Fall géif een an de normale Régime général vun der TVA falen, wéi e fir aner Länner och gëllt. "Dat huet verschidde Konsequenzen. Just d’Konstruktioun vu Logementer am Kader vun der Sozialpolitik däerfen dann dem Taux super-réduit ënnerleien."
Wat Sozialpolitik ass, dofir ginn et Krittären, wéi d’Akommessituatioun, iwwert déi d’Cour de Justice um Kierchbierg och schonn Decisioune geholl huet. An: an de Nopeschlänner géif de super-reduzéierten Taux beispillsweis fir Altersheemer oder änlech Strukture benotzt ginn. Géif een dat also hei zu Lëtzebuerg applizéieren, ass de Romain Heinen sécher, "datt mer doduerch déi gréisst Majoritéit vun de Leit géifen ausschléisse vum Taux super-réduit. Dat wier also eng katastrophal Konsequenz." Dat well dann net just d’Investisseure missten de normalen Taux bezuelen, mee och déi Leit, déi sech hir eege Wunneng kafen.
"An dat ass e Risiko, wann een dee Wee geet, deen d’Verwaltung net kann eleng droen." Dat ass eng politesch Decisioun, déi also just d’Regierung kéint huelen.
No der neier Direktiv ass de super-reduzéierten Taux fir Renovatiounen net un d’Sozialpolitik gebonnen. Kéint een d’Renovatiounen also aus der Lëtzebuerger Derogatioun eraushuelen, fir de Proprietären op deem Punkt entgéint ze kommen an de Seuil vu 50.000 Euro unzehiewen?
Och dat wier net méiglech. An deem Fall "ass da ganz kloer, datt mer eis national Derogatioun op ginn", wéi de Romain Heinen erkläert. "Wa mir een Element do eraus huelen, da gi mer déi ganz Derogatiounen op. Dat heescht, datt all Konstruktioun vu Logementer – ausser fir d’Sozialpolitik - géif an de Taux normal falen." Déi läit dëst Joer wéinst den Tripartite-Beschlëss bei 16 Prozent, soll awer d’nächst Joer nees zeréck op 17 Prozent klammen. An domat géif eng Wunneng kafen oder bauen fir déi meescht Leit ëmsou méi deier ginn.