Iran-Krich a seng Konsequenzen op Lëtzebuerg‘’Rou behalen an am Sozialdialog déi richteg Decisiounen huelen‘’

Jeannot Ries
Am RTL Interview betount de Finanzminister Gilles Roth, datt et elo wichteg ass, déi néideg Rou ze behalen, fir d’Auswierkunge vum Iran-Krich op onst Land z’analyséieren.
Gilles Roth: "Rou behalen an am Sozialdialog déi richteg Decisiounen huelen"
Am RTL Interview betount de Finanzminister, datt et elo wichteg ass, déi néideg Rou ze behalen, fir d’Auswierkunge vum Iran-Krich op onst Land z’analyséieren.

Wann néideg, mussen am Sozialdialog déi richteg Decisioune geholl ginn, fir d’Leit an d’Betriber mat am Boot ze behalen.

‘’Dat Allerwichtegst, wat mer zu Lëtzebuerg hunn, dat ass politesch Stabilitéit, dat ass och eisen Tiple A, ma dat ass virun allem d’sozial Kohäsioun. An och wann ech Finanz- a Budgetsminister sinn, ech mengen da muss een heiansdo eng Kéier op d’Zänn bäissen, well d’Kontinuitéit, d’Stabilitéit vum Land a virun allem dat wat mer als Héicht gutt hunn, dat ass eis sozial Kohäsioun, dat prevaléiert hei par rapport zu eenzele Budgetszuelen.‘’

Sech Spillraum fir Hëllefsmesure ginn

De Finanzminister deit un, datt d’Regierung bereet ass, sech e gewësse finanzielle Spillraum fir Hëllefsmesuren ze ginn. Wat de Budget belaaschte wäert.

“Mindestloun, héich Inflatioun déi eventuell kënnt, steigend Energiepräisser, do muss een och de Bléck vun de Betriber am Kapp halen. An da musse mer natierlech och kucken dat Alldeeglecht vun de Leit am Grëff ze halen. Dat sinn natierlech Spritpräisser, dat sinn natierlech Präisser, déi allgemeng an d’Luucht ginn.‘’

D’Tripartite an déi scho bewäerten Geschierkëscht mat Moossnamen

De Minister schwätzt geziilt Moossnamen un, fir grad déi Leit, déi et elo scho méi schwéier hunn. De Gilles Roth denkt un Instrumenter fir op d’Präisdeierecht anzewierken.

‘’Fir mech, fir d’Regierung ass et selbstverständlech, dat am Sozialdialog ze maachen an do ginn et och déi Instrumenter, déi hilänglech bekannt sinn.‘’

D’Europäesch Zentralbank an d’Zënsen

Am Bléck behale muss een d’Reaktioun vun der Europäescher Zentralbank. Hier Roll wäert et sinn, der Inflatioun entgéint ze wierken, ouni de Wirtschaftswuesstem ofzewiergen. Inflatioun gëtt u sech bekämpft, mat Zënsen déi erop ginn.

‘’Natierlech weess ech och als Finanzminister, dass wann d’Zënsen zu Frankfurt an d’Luucht gesat ginn, dass dat och hei e positiven Effekt vläicht fir d’Spuerer huet, mee virun allem e negativen Effekt fir déi Leit, déi Schold hunn. Fir hir Immobilien, déi soss Schold hunn an och de Staat, dee Schold huet. An do musse mer kucke mat roueger, bedächteger Hand ze fueren an d’Leit an d’Betriber mat am Boot hunn. ‘’

‘’Zesummen, zu 27 si mer staark. ‘’

Eng Situatioun, an där d’State vun der Europäescher Unioun zesummen hale missten. Sou wier een duerch d’Bankekris komm, an och duerch de Covid.

Back to Top
CIM LOGO