Reaktiounen aus de ParteizentralenCSV stellt Uspréch op d'Regierung, Sam Tanson mécht deene Grénge Mutt

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg den Owend sinn d'Spëtzekandidaten an de Parteizentrale virun hir Leit getrueden an hunn de Point vun der Situatioun gemaach.
© RTL

Bei der CSV war d’Stëmmung nawell gutt, wéi den nationale Spëtzekandidat Luc Frieden viru seng Leit getrueden ass. Wéi hien a senger Ried sot, wier een an alle Bezierker als klore Gewënner aus de Walen ervirgaangen. De Wieler hätt der CSV de kloren Optrag ginn, déi nächst Regierung mat ze forméieren.

Chamberwalen 2023 Ried Frieden
Chamberwalen 2023 Ried Frieden

Manner gutt, war een dogéint bei deene Grénge gelaunt. Ma d’Sam Tanson huet nawell probéiert, hire Leit Courage ze maachen. Et géif zwar méi schwéier falen, an d’Zukunft ze kucken, wéi wann een e gutt Resultat gemaach hätt. Ma et géif ee weider fir eng Politik astoen, déi de Mënsch an de Mëttelpunkt stellt, an déi dobäi d’Biodiversitéit an de Klimawandel net vergiesse géif.

Chamberwalen 2023 Ried Sam Tanson
Chamberwalen 2023 Ried Sam Tanson

Beim Koalitiounspartner LSAP huet d’Spëtzekandidatin Paulette Lenert sech zefridde gewisen. D’Tëscheresultater géife weisen, dass een et fäerdeg bruecht hätt, mat sengem Programm ze iwwerzeegen, och wann een am Norden an am Osten knapps jeeweils ee Sëtz verluer hätt.

Chamberwalen 2023 Ried Lenert
Chamberwalen 2023 Ried Lenert

Och de Premierminister Xavier Bettel huet op d’Walresultat reagéiert. D’DP wier déi Partei vun de 4 groussen, déi prozentual am meeschte bäigewonnen huet. Et wier ee fir déi gutt Aarbecht vum Wieler belount ginn. Déi Liberal wiere bereet, weider Regierungsverantwortung ze iwwerhuelen. De Poste wier net wichteg, sot de Premier am RTL Interview op d’Fro, ob hien Ausseminister wéilt ginn. Haaptsaach d’DP kéint hir Politik weider ëmsetzen.

De Premier reagéiert op d'Wal-Resultat
Déi Liberal wiere bereet, weider Regierungsverantwortung ze iwwerhuelen.

Bei de Piraten huet de Sven Clement vun enger Achterbunn vun de Gefiller geschwat. Et hätt ee Sëtz verschwannen an dann nees optauche gesinn, bis se dann, am Fall vum Ben Polidori am leschte Moment sécher gewiescht wieren. Et géif ee scho virum definitive Resultat wëssen, dass ee gestäerkt aus de Walen erausgeet an dorop kéint een houfreg sinn.

Chamberwalen 2023 Ried Clement
Chamberwalen 2023 Ried Clement

Vun engem historesche Resultat huet den nationale Spëtzekandidat vun der ADR Fred Keup geschwat. Entgéint deem, wat an de Sondage virausgesot gouf, hätt een et gepackt en historescht Resultat ze realiséieren. Et wier een elo déi véiertstäerkste Partei zu Lëtzebuerg. Et wäert een och an Zukunft eng richteg gutt Oppositiounspolitik maachen.

Chamberwalen 2023 Ried Fred Keup
Chamberwalen 2023 Ried Fred Keup

Bei de Lénken huet den David Wagner erkläert, dass et enorm wichteg wier, dass een den zweete Sëtz am Zentrum hale géif. Ma mat enger Koalitioun tëscht der CSV an der DP géif d’Land eng nei Austeritéitspolitik riskéieren.

Chamberwalen 2023 Ried David Wagner a Marc Baum
Chamberwalen 2023 David Wagner a Marc Baum

Back to Top
CIM LOGO