Police sicht nom ChaufferCyclistin an der Stad ugestouss a blesséiert ginn

RTL Lëtzebuerg
Nodeems e Méindeg de Moien an der Stad eng Cyclistin ugestouss gouf, mécht d'Police en Zeienopruff, well de schëllege Chauffer geflücht ass.
© RTL-Grafik

An der Stad an der Rue Bender gouf e Méindeg kuerz viru 7 Auer eng Cyclistin ugestouss a blesséiert. De Stater Samu gouf an den Asaz geruff. D’Police mécht an deem Zesummenhang en Zeienopruff, well de schëllege Chauffer sech mat enger Zort Kombi (wäiss) duerch d’Bascht gemaach huet, dat a Richtung Rue du Laboratoire.

All Informatioune si fir d’Police an der Stad, via Telefon um (+352) 244 40 1000 oder via Mail op police.luxembourg@police.etat.lu.

Kuerz no 8 Auer sinn tëscht Léiweng a Beetebuerg en Auto an e Bus net laanschtenee komm. Och hei gouf eng Persoun verwonnt.

Géint 8.30 Auer sinn zu Fréiseng an der Lëtzebuergerstrooss en Auto an e Moto anenee gerannt. Eng Persoun gouf blesséiert.

Kuerz virun 10.30 Auer war et tëscht Éilereng an dem Echangeur Éilereng en Accident tëscht 2 Autoen. Zwou Persoune goufe blesséiert.

Kuerz virun 11 Auer ass en Auto bei engem Accident an engem Feld gelant, dëst tëscht Biertreng a Welsdref. Och hei huet de Samu musse geruff ginn. Eng Persoun gouf verwonnt.

Géint 11.30 Auer sinn zwee Autoen an der Route de Wasserbillig zu Mäertert aneneegerannt. Eng Persoun gouf blesséiert.

Een Accident tëscht zwee Autoe gouf et ëm déi nämmlecht Zäit zu Bartreng an der Route de Longwy. Hei gouf et zwee Blesséierter.

Ee Schwéierblesséierte gouf et dann nach bei enger Kollisioun tëscht engem Auto an engem Bam. Dësen ass kuerz no 16 Auer tëscht Maarnech an der Doosber Bréck geschitt.

Back to Top
CIM LOGO