MunnerefDaach vun Eefamilljenhaus a Brand - kee Blesséierten

RTL Lëtzebuerg
Zu Munneref an der Rue du Moulin brennt den Daach vun engem Eefamilljenhaus. D'Pompjeeë sinn op der Plaz.

Beim Brand ass kee blesséiert ginn. D’Strooss war fir d’Dauer vun de Läschaarbechte gespaart. De CGDIS huet op Nofro confirméiert, datt de Brand ënner Kontroll ass.

Wéi den 112 a sengem Bulletin en Donneschdeg de Mëtteg schreift, waren nieft dem Gato, dem CSL, d’Rettungsdéngschter vu Réimech, dem Réiserbann, Diddeleng, Munneref, Uespelt an Duelem um Asaz.

Back to Top
CIM LOGO