Op Patrull mat der Police"Dacks fänken d'Leit sech selwer"

Pierre Weimerskirch
Mat enger Patrull vun der Escher Police ware mir eng Nuecht am Süde vum Land ënnerwee. E Reportage vum Mike Elsen a Pierre Weimerskirch.

De Mike an de Bill, allebéid 27 Joer, konnte mir wärend enger Nuetsschicht begleeden. De Mike schafft zanter 2020 am Escher Kommissariat, de Bill zanter 2018.

“Zu Esch gëtt et ni langweileg”

D’Zil vun dësem Reportage ass et, den “normalen” Alldag vun de Polizisten ze dokumentéieren. Séier ass mer awer bewosst ginn, dass et fir d’Polizisten um Terrain keng Routine gëtt. Dozou komme mer méi spéit. Fir déi, wou sech elo hei en Artikel mat spektakulären Affären erwaarden, déi muss ech elo schonn enttäuschen an déi liese besser och net weider. Wann een awer e klengen Abléck an d’Aarbecht vun der Police wëll kréien, lount et sech duerchaus, sech déi nächst Zeilen net entgoen ze loossen.

D’Schicht fänkt um 22 Auer um Büro un, da ginn zum Deel nach Rendez-vousen opgeschafft, éier et eraus geet. Mir gi kuerz gebrieft. Op d’Fro, wat eis dann haut esou erwaart, krut ech d’Äntwert: “Zu Esch gëtt et ni langweileg.”

“Dacks fänken d’Leit sech selwer”

Bei Rout bleift ee stoen, esou steet et op d’mannst am Code de la Route. E Mann, deen no 1 Auer ënnerwee war, huet sech dat awer anescht iwwerluecht. Domm nëmmen, dass den Auto hannert him ee vun der Police war. Kuerz déi blo Luucht a Sireen ugemaach an den Auto ass op der Säit stoe bliwwen. Déi zwee Polizisten hunn d’Pabeiere kontrolléiert, de Mann hat kee Führerschäi bei sech an den Alkoholtest war positiv. Ugangs huet de Mann behaapt, hien hätt de Führerschäin net bei sech. Op Nofro bei de franséische Kolleegen hunn de Bill a Mike awer misse feststellen, dass de franséische Staatsbierger guer kee méi hat.

Den Auto, mat deem hie e gefuer ass, huet senger Partnerin gehéiert, déi niewendrun mat 0.0 Promill souz. (Dës huet sech och selwer strofbar gemaach, well se hire Partner voll an ouni Führerschäi fuere gelooss huet.) Béid goufen e puer honnert Meter méi wäit mat op de Policebüro geholl.

“Als Police stelle mir nëmme fest”, esou de Bill. “Et ass de Parquet, deen elo muss decidéieren, wat geschitt.”

Ob et da méi heefeg virkënnt, dass Leit eng Infraktioun beginn an dann aner Saache nokommen, war et d’Ausso vum Mike: “Dacks fänken d’Leit sech selwer.

Schrëftlech gouf alles festgehalen, d’Aussoen opgeholl. A well et keng Urgence war, huet een net d’Permanence beim Parquet ugeruff, ma alles per Mail weidergeleet. Den Auto gouf immobiliséiert, an déi Zwee hu missen eng Alternativ fannen, fir Heem ze kommen. Deen Ament war nach kengem bewosst, dass mer eis geschwënn erëm gesinn.

Mat Patrulle Presenz weisen

Reegelméisseg géif ee Sécherheetspatrulle maachen, ze Fouss oder am Auto. De Weekend vun Nationalfeierdag war zu Esch e grousst Volleksfest, hei huet ee sech entscheet, ze Fouss d’Gemengeplaz ofzegoen an och emol Presenz an der Uelzechtstrooss ze weisen.

Mam Kommissariat zu Esch gëtt de Südweste vum Land ofgedeckt, koordinéiert ginn d’Asätz vum sougenannte “Pult” aus. All Uruff géif een nokommen. Wann et Mol méi laang géing daueren, wier dat, well all d’Patrullen ënnerwee sinn an et misst een och no Prioritéite virgoen.

Wärend der Fousspatrull koum den Uerder aus der Zentral, fir op een Asaz op Schëffleng ze fueren, wéinst ze vill Kaméidi an engem Kaffi. Op der Plaz konnten d’Polizisten näischt feststellen. D’Patronne war selwer op der Plaz an och d’Pabeiere waren all an der Rei.

“Mir hunn der Patronne gesot, se soll kucken, dass hir Dier ëmmer zou ass an, dass se d’Musek net ze haart mécht. Si huet dat och verstanen.”

Vill Zäit verbréngen d’Polizisten am Büro. Alles gëtt dokumentéiert: “Fir propper Dossieren ze hunn, dierf een d’Bürosaarbecht net vernoléissegen.”

Um Enn vun dësem Asaz kréien de Bill an de Mike eng Kläpperei zu Esch gemellt. Mat der bloer Luucht ass et Richtung Gemengeplaz gaangen. D’RTL-Ekipp war an engem Auto vum Service Presse vun der Police ënnerwee, dofir si mir eréischt e puer Minutte méi spéit op der Plaz ukomm. Weider Poliziste waren deen Ament schonn do. D’Schwieregkeet bei Kläppereie wier et, dass een ni richteg wéisst, wéi et ausgeet, dofir géif een ëmmer mat engem méi groussen Dispositiv dohi fueren. Um Enn war et en Tëschefall, wou zwou alkoholiséiert Persounen sech an d’Hoer kruten, eng ass fir eng Kontroll an d’Spidol gefouert ginn.

Cannabis virun der Police consomméiert

Een, dee sech selwer fänkt, hu mer eng weider Kéier am Owend ugetraff. De Mike an de Bill sinn als Renfort ugefrot ginn, fir op enger Tankstell ze hëllefen. Spéider sollt sech erausstellen, dass eng Polizistin sech eppes z’Iesse kafe wollt, wéi se geparkt hunn, ass hinnen am Auto niewendrun e Mann opgefall, dee grad amgaang war, gemittlech een Joint ze fëmmen.

Déi zweet Patrull ass op d’Plaz komm, fir de Mann am A ze behalen, wei déi aner zwee den Auto op weider Drogen duerchsicht hunn. Do gouf näischt fonnt. Well de Mann Cannabis consomméiert huet, gouf den Auto immobiliséiert an hien ass vun der anerer Patrull mat op de Policebüro geholl ginn, de Mann war déif entspaant a ganz kooperativ.

© Mike Elsen

Verkéierskontroll an der Nuecht

Méi spéit op der Schicht, an engem Ament, wou et roueg war, hunn déi zwee Polizisten decidéiert, eng Verkéierskontroll ze maachen. Also Leit unzehalen an ze kucken, ob d’Pabeieren an der Rei sinn an hir Identitéit ze iwwerpréiwen. Den éischten Auto, dee se ugehalen hunn, war per Zoufall dee Kolleeg, deen de Mann, deen duerch rout gefuer war, a seng Partnerin siche komm ass. Et huet een deenen dräi ugesinn, dass se staark verwonnert waren, ma no puer Minutte konnte se weiderfueren.

“Et kënnt méi dacks vir, dass een iwwert eng Nuecht op déi nämmlecht trëfft. Ma dat hei war pueren Zoufall.”

Keen Dag wéi deen aneren

Wa mer d’Schicht ufänken, wësse mer ni wat geschitt”, dat sot e Bill direkt am Ufank, wéi mer nach um Büro waren. Ob et dann elo e rouegen Owend war, dat wier ënner Polizisten u sech en No Go. Wann een dat seet, kéint ee mol nach schlecht iwwerrascht ginn. Op der Schicht haten déi zwee Polizisten nach deen een oder anere klengen Asaz. Vun den 8 Stonne goufen der och vill um Büro verbruecht. D’Schreifaarbecht ass effektiv e groussen Deel vun der Policeaarbecht.

Back to Top
CIM LOGO