
D’Faszinatioun fir de mënschleche Kierper huet d’Julie Zangarini an d’Medezin gezunn. Déi jonk Lëtzebuergerin war eng Rei Jore Presidentin vun de Lëtzebuerger Medezinsstudenten. Den Ament schreift si un hirer Dokteraarbecht a schafft beim däitsche roude Kräiz beim Bluttspenden. An e puer Méint fänkt si d’Spezialiséierung fir Anästhesiologie an der Intensiv- a Noutfallmedezin an der Uniklinik Heidelberg un.
“Ech fannen et nach ëmmer spannend, wéi vill dausend Prozesser am Kierper gläichzäiteg oflafen. Ech hat och ëmmer eng Faszinatioun fir d’Noutfallmedezin an hu mir als Kand gäre virgestallt, eng Kéier selwer um SAMU matzefueren. Meng Mamm, déi als Infirmière op eng Intensivstatioun geschafft huet, war sécherlech och een Afloss.”
Zanter méi wéi 20 Joer studéiere méi Frae wéi Männer Medezin. An de Käpp vun de Leit wier awer nach ëmmer staark verankert, dass en Dokter e Mann muss sinn, esou d’Julie Zangarini.
“Dacks ginn ech, trotz Kittel, fir eng Infirmière gehalen. Wärend dem Studium goufe meng männlech Matstudéierend fir den Dokter gehalen, wärend d’Doktesch déi haaptsächlech mam/mat der Patient.in geschwat huet, fir eng Infirmière gehale gouf.”
D’Statistike weisen, dass obwuel 70 Prozent Frae Medezin studéieren, nëmme 37 Prozent “Oberärtztin” an Däitschland sinn, bei nach méi héije Posten ass den Taux nach méi niddereg.
Scho wärend dem Studium krut d’Lëtzebuergerin geroden, eng Spezialiséierung ze wielen, déi méi “familljefrëndlech” wier. Dat wier zum Beispill d’Allgemengmedezin.
“An de chirurgesche Fächer fënnt een insgesamt wéineg Fraen, do ass nach fest an de Käpp verankert, dass dat ee Männerberuff ass. Scho méi wéi eng Kéier krut ech am OP d’Bemierkung gemaach, dass een als Chirurg.in vill Kraaft brauch, an dës Karriär dofir fir Fraen net a Fro komme kann.”

Bis en Ëmdenken an der Gesellschaft ëmgesat wier, géif nach daueren. Elo misst een awer geziilt Fraen ënnerstëtzen, déi Plazen a Féierungspositiounen ustriewen, esou eng konkret Fuerderung. Et wier net de Problem, dass de Beruff vum Medezinner net géif bei Frae passen.
“De Problem ass vill méi, dass d’Strukturen an de Klinicken historesch réng männlech gepräägt sinn. Et wier also un der Zäit, dorun ze schaffen, a konkret Ëmännerungen duerchzesetzen, wéi zum Beispill. duerch néi Déngschtmodeller, duerch Doppelspëtzen, asw. Zu Lëtzebuerg wier schonn ee gudden éischte Schratt, dass een insgesamt Medezinner.innen et erméiglecht, hallefdaags ze schaffen.”
Soubal een als Fra schwanger ass, géif een a ville Fachrichtungen anescht behandelt ginn. Wann een net direkt ophale muss mat schaffen, gëtt d’Karriär quasi gestoppt. Fir d’Julie Zangarini wier et scho méiglech, dass een als Doktesch nach weider schafft, et misst een anescht plangen. Et wier kloer, dass een net mat infektiéise Krankheete soll a Kontakt kommen. Et misst een individuell Léisunge fannen an och kucken, dass wann d’Fraen no der Schwangerschaft nees ufänke, se geziilt gefërdert ginn.
Et wier wichteg ënnert Kolleeginnen ze diskutéieren, da géif ee séier mierken, dass ee mat de Suergen a Problemer net eleng ass.
“Et ass och wichteg, sech frei ze trauen, eppes ze soen. Wann ee selwer oder eng Fra am Ëmfeld onfair behandelt gëtt, hëlleft et wierklech, sech bei där entspriechender Persoun oder enger betraffen Instanzen ze mellen. Vill Frae leiden am Geheimen, an sou fält oft guer net op, wéi vill Onrecht hinnen am Alldag widderfiert.”

*D’Julie Zangarini huet déi lescht Jore virun allem an Däitschland verbruecht, soudass e groussen Deel vun den Erfarungen och dorop berouen.