
Op de Gemenge goufe jo wuel net genuch Ënnerschrëfte gesammelt. Et misst een och bedenken, datt vill Gemengen net vill Efforte gemaach hunn an datt d’Bierger net online oder per Bréif hätte kënnen ënnerschreiwen. Lëtzebuerger, déi am Ausland wunnen oder studéieren, wieren ausgeschloss ginn. D’Regierung hätt de Referendum net promouvéiert an an de Medie wier keng Reklamm fir d’Initiativ gemaach ginn, dës wier souguer éischter negativ kommentéiert ginn. Dann hätten och aner Theme wéi de Covid d’Aktualitéit dominéiert.
Dowéinst wëll sech d’ADR weider fir e Referendum asetzen. Dat deelt d’ADR an engem Communiqué mat.