RTL-InformatiounenD'Agny Durdu iwwerhëlt dëst Joer Presidence vum Staatsrot

RTL Lëtzebuerg
Am Staatsrot ginn dëst Joer nees Still geréckelt - an zwar op héchstem Niveau.

Nodeem nämlech dem aktuelle President Georges Wivenes säi Mandat als President den 31. Mäerz ofleeft, muss dee Posten nei besat ginn.

RTL-Informatiounen no iwwerhëlt dann d'Affekotin an fréier DP-Deputéiert Agny Durdu d'Presidence vum héije Gremium. D'Madamm Durdu ass aktuell Vize-Presidentin. De Georges Wivenes wäert iwwerdeem weider als Conseiller am Staatsrot bleiwen. Nodeem iwwerdeem de Mike Mathias, dee vun der grénger Partei nominéiert gi war, als Conseiller de Gouvernement an de Logementsministère vun der Ministesch Sam Tanson geet, muss dee Posten nei besat ginn - dës wäert op Basis vun enger Propositioun geschéien, déi d'Regierung mécht. De Mike Mathias war 2014 an der Successioun vum Albert Hansen an de Conseil d'Etat komm.

Da leeft am Hierscht d'Mandat no 15 Joer vum zweeten Vizepresident Romain Nati of - d'Propositioun vun engem Kandidat an der Successioun vum Dokter Nati läit dann an den Hänn vun der Chamber.

De Romain Nati war 2004 an de Staatsrot nominéiert ginn an hat deemools de Nicolas Schmit ersat, deen dunn an d'Regierung koum war.

Back to Top
CIM LOGO