
De Ralentissement um Immobilien- a Logementsmarché stellen och aner Verwaltunge fest. Beim Enregistrement goufen dëst Joer däitlech manner Transaktiounen gemellt, wéi zejoert, esou den Direkter Romain Heinen:
“Mir hu jo engersäits den Droit d’enregistrement beim Kaf vun enger neier Wunneng, wou mer och mierken, datt mer plus minus 25 Prozent manner Akten hunn, par rapport zum leschte Joer, an datt mer an der TVA Logement an den Demanden och an deene Paragë sinn, tëscht 25 an 30 Prozent manner.”
D’Recetten aus den Droits d’enregistrement wieren am Verglach mam leschte Joer staark zeréckgaangen. Enn Mee d’lescht Joer louchen déi Recettë bei 224 Milliounen Euro. Dëst Joer waren et zum nämmlechten Zäitpunkt nëmmen 127 Milliounen Euro. Dobäi géing et bei der Acquisitioun vu fäerdege Wunnengen däitlech besser goen, wéi beim Kaf oder der Konstruktioun vun neie Wunnengen, esou de Romain Heinen.