Keng Traitementer fir LëtzebuergerDäitsch Spideeler hu Patienten aus dem Grand-Duché refuséiert

RTL Lëtzebuerg
Et stëmmt, datt Lëtzebuerger Patienten déi lescht Wochen iwwer net an däitsche Spideeler traitéiert a souguer refuséiert goufen.

An dat obwuel d'Patienten en negative Covid-Test gehat hätten. Dës Informatioun vun den zwee DP-Deputéierte Claude Lamberty a Gusty Graas confirméiert d'Gesondheetsministesch an hirer Äntwert op eng entspriechend parlamentaresch Fro.

Wéi et heescht, hätt bei esou Fäll vu Refusen awer de Gesondheetsministère bei den entspriechenden däitsche Spideeler intervenéiert, fir d'Grënn vum Refus gewuer ze ginn. Wann et net justifiéiert war, datt e Patient net ugeholl gouf, huet de Ministère matgehollef, fir datt d'Prise en charge awer sollt geléngen.

D'Ministesch weist och drop hin, datt bei Problemer an Differenze bei Traitementer an den Nopeschlänner oder auslännesche Spideeler den nationalen Informatiouns- a Mediatiouns-Service vun der Santé kann opgesicht ginn.

PDF: Äntwert op parlamentaresch Fro vum Claude Lamberty a Gusty Graas

Back to Top
CIM LOGO