Diddelenger Schäfferot steetDan Biancalana bleift Buergermeeschter

RTL Lëtzebuerg
Um Dënschdeg souz d'Diddelenger LSAP-Sektioun zesummen, fir den neie Schäfferot ze bestëmmen.
© Maurice Fick

Unanime gouf den Dan Biancalana als Buergermeeschter ugeholl. 1. Schäffe gëtt de Loris Spina, 2. Schäffen d’Josiane Di Bartolomeo-Ries, 3. Schäffen de René Manderscheid a 4. Schäffen d’Claudia dall’Agnol.

Dat entsprécht der Reiefolleg, wéi d’Leit gewielt goufen. D’LSAP hat bei de Gemengewalen zu Diddeleng eng absolut Majoritéit kritt.

Back to Top
CIM LOGO