Invité vun der Redaktioun (18. Januar)Daniel Miltgen: Soziale Wunnengsbau, awer nëmme beim Noper

RTL Lëtzebuerg
Invité en Donneschdeg ëm 10 op 8 war de fréiere President vum Fonds du Logement, den Daniel Miltgen.
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: Daniel Miltgen
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis donneschdes moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Hei am Land ass de soziale Wunnengsbau net wëllkomm. Vill Gemengepappen hätte wuel gär soziale Wunnengsmaart. Awer am léifsten nëmmen beim Noper an der Gemeng. Dat wier den Haaptproblem um Wunnengsmaart, sot de laangjärege President vum Fonds du Logement en Donneschdeg de Moien. Den Daniel Miltgen war eisen Invité vun der Redaktioun an huet den Inneminister an d'Spill bruecht, deen Instrumenter wéi de Fong systematesch bei de Gemengenacteure promouvéiere kéint. Dat hätt an der Vergaangenheet ënnert engem Jean Spautz gutt funktionéiert.

De Fonds du Logement ass, dem ofgesaten Urbanist no, e super Instrument, och wann en elo e bëssche politiséiert gouf. Der neier Presidentin Diane Dupont an dem zukünftegen Direkter gëtt de pensionéierten Urbanist virun allem mat op de Wee, Vertrauen an d'Personal ze hunn. Den ofgesate President huet en Donneschdeg de Moien anengems bedauert, datt de Fonds du Logement elo mat der Reform iwwerregulariséiert gouf, zum Beispill duerch en zousätzleche Kommissär. Dat géif weisen, datt verschidde politesch Decideuren net méi wësse géifen, wéi de Staat funktionéiert.

Hien hätt de Fong ëmmer als säi Kand ugesinn, sot den Daniel Miltgen. Hien ass och deen der Meenung e ganz gudden Heritage hannerlooss ze hunn. Dowéinst géif et engem wéi doen, wann ee gesäit wann eppes, wat iwwer 38 Joren mat vill Méi opgebaut gouf, an 3, 4 Joer demanteléiert gëtt. Firwat ass et dann iwwerhaapt souwäit komm? Dem Daniel Miltgen no, hätten 100% vun den Architekten wéinst dem schlechte Klima gekënnegt.

Den Daniel Miltgen (Extrait 1)

Ugeschwat op de geplangte Consultatiounsdebat an der Chamber iwwert de Logement den nächste Mount, huet den Daniel Miltgen gemengt, dat wier ee vu villen Debaten iwwert dëse Sujet, fir deen erëm déi selwecht Acteure wéi ëmmer defiléieren. De Baulücke-Programm wier e „One shot“ gewiescht an de geplangte Baulandvertrag kann, dem Daniel Miltgen no, net funktionéieren.

Den Daniel Miltgen (Extrait 2)

Invité en Donneschdeg ëm 10 op 8 war de fréiere President vum Fonds du Logement, den Daniel Miltgen.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.
Back to Top
CIM LOGO