Invitée vun der Redaktioun (19. Januar)D'Anne Brasseur iwwert hir politesch Karriär

RTL Lëtzebuerg
Invitée e Freideg ëm 10 op 8 war d'DP-Politikerin, déi no 42 Joer an der Chamber decidéiert huet, hiert Mandat néierzeleeën.
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: Anne Brasseur
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis donneschdes moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

"Ech wollt dat selwer matdeelen", dat sot d'Anne Brasseur e Freideg de Moien bei eis op der Antenn iwwert hir annoncéiert Demissioun aus der Chamber. Si hätt scho viru Jore fir sech entscheed, fir net méi bei den nächste Wahlen matzegoen. Ausser e puer Leit an der Partei an enke Frënn, hätt si dat deen Ament awer net gesot, fir Spekulatiounen ze verhënneren. De Bartrenger Buergermeeschter Frank Colabianchi réckelt den 1. Februar fir d'Anne Brasseur op de Krautmaart no.

Fréier wier zwar net alles besser, mä anescht gewiescht, huet d'Anne Brasseur nach gemengt an anengems awer bedauert datt d'Schnellegkeet an der Politik an, an de Medien dach op Käschte vum Contenu geet. D'Zesummenhäng géifen ëmmer méi schwéier an et hätt een nëmmen 140 Schrëftzeeche fir dat op Twitter matzedeelen. Dat wier d'Dier grouss opgemaach fir de Populismus. Haut misst alles direkt an online sinn, et misst een awer och heiansdo nach Zäit hu sech zeréckzezéien an nozedenken, ouni datt et op der Plaz publique ass.

An der DP ass fir d'Relève gesuergt

Mam Anne Brasseur verléisst e weideren Dignataire vun der liberaler Partei déi national politesch Bühn. D'DP hätt de Renouveau duerch de Xavier Bettel hikritt, deen eng ganz nei  Equipe mat erabruecht hätt, huet d'Deputéiert e Freideg de Moien gemengt. D'Anne Brasseur bedauert d'Demissioun vum Marc Ruppert um Posten vum Generalsekretär. Hien hätt gutt Aarbecht geleescht. De Sträit tëscht Ruppert a Cahen hätt awer keng Repercussiounen op d'Partei gehat.

VIDEO: Live! Planet People: Anne Brasseur a Christian Bock
Zwee Inviteeën, déi 2018 e Schlussstréch ënnert hir national Carrière zéien: d'DP-Deputéiert Anne Brasseur an den Handballer Christian Bock.

Ugeschwat op d'Schoulpolitik, huet déi fréier Educatiounsministesch gemengt, d'Schoul misst sech permanent änneren. Et kéint een hir "Back to basics"-Politik vu viru 17 Joer net mat der aktueller vergläichen. Den Enseignement bräicht virun allem méi Flexibilitéit an Autonomie. Dat hätt si deemools schonn entaméiert. De Claude Meisch hätt enorme Courage Saachen unzegoen.

Brasseur vs Fifa

D'nächst Woch presentéiert d'Anne Brasseur an hirer Funktioun als Member vun der Assemblée parlementaire vum Europarot zu Stroossbuerg e kritesche Rapport, an deem se ënnert anerem de Féierungsstil vum Weltfussballverband Fifa hannerfreet. D'Fifa ass dowéinst am Gaang déi liberal Deputéiert bei den anere Membere vun deem Gremium ze diskreditéieren, huet e Brandbréif u jidder eenzele Parlamentarier geschéckt, an deem d'Anne Brasseur falsch Aussoe reprochéiert kritt.

D'Anne Brasseur

D'DP-Deputéiert ass dovunner iwwerzeegt, datt sécher Amendementer zu hirem Text kommen. Ënnert anerem aus der Schwäiz. Si hätt awer genuch, fir deem eppes entgéint ze setzen. D'Politik misst hëllefen, fir datt de Fussball sech net selwer futti mécht. Ze wéineg Sue géifen dem Sport nämlech schueden, ze vill Sue géifen de Fussball awer futti maachen.
D'Anne Brasseur bleift iwwregens nach bis de Mee op hirem Posten am Europarot zu Stroossbuerg. Un der DP-Fraktioun ass et dann fir d'Zäit duerno e Successeur ze fannen. De steet haut awer nach net fest.

Invitée e Freideg ëm 10 op 8 war d'DP-Politikerin, déi no 42 Joer an der Chamber decidéiert huet, hiert Mandat néierzeleeën.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.
Back to Top
CIM LOGO