Dat 13 Joer jonkt Milena gëllt elo offiziell als “kriibsfräi”. Dat ausgerechent um internationalen Dag vum Kriibs bei de Kanner. Grad fir Kanner a Jonker ënner 15 Joer ass Kriibs dacks ganz béisaarteg. An deem Alter multiplizéieren d’Tumorzelle sech besonnesch séier.
Elo wou d’Milena nees gesond ass, geet et him drëm, anere Kanner Courage ze maachen. Dofir huet hatt ee wichtege Message fir Kanner, bei deene Kriibs diagnostizéiert gouf:
“Si sollen ni ophale mat kämpfen, net u sech zweiwelen an ëmmer wann se eppes hunn, mat der Famill schwätzen. Si hu genuch Persounen, déi hannert engem stinn.”
D’Milena weess dat aus eegener Erfarung an huet och materlieft, datt et am Kampf géint de Kriibs Amenter gëtt, wou et engem mol méi a mol manner gutt geet:
“Ech hat meng Up- an Down-Amenter, wou ech heiansdo wierklech net wollt awer da war meng Famill bei mer an huet mer Courage gemaach an dunn hunn ech mer geduecht ech géif weider kämpfen, bis ech fäerdeg sinn. A wann ech fäerdeg sinn, da kämpfen ech nach weider, datt keng Chance méi do ass, datt ech ka Kriibs kréien oder eppes Aneres ka kréien.”
Vill Ënnerstëtzung op dësem dacks schwierege Wee kruten d’Milena a seng Famill vun der Fondatioun Kriibskrank Kanner. D’Stëftung këmmert sech zënter iwwer 30 Joer net just ëm déi kleng Patienten, mä och ëm deenen hir Gesëschter an hir Elteren. D’Zil vun der Fondatioun ass et, de Famillen esou vill Laascht wéi nëmme méiglech ofzehuelen, ënnert anerem och um finanzielle Plang, sou d’Directrice Anne Goeres:
“Jiddwereen, dee bei eis tocke kënnt fir Hëllef, kritt déi Hëllef gratis ugebueden. Ob dat eis Zerwisser zu Lëtzebuerg sinn oder d’Begleedung an d’Ausland. Zum Beispill eist Elterenhaus zu Bréissel. Oder och all d’Rechnungen am direkte Bezuch zur Krankheet iwwerhuele mir direkt fir d’Famill z’entlaaschten, datt se net wärend der Krankheet och nach eng finanziell Laascht huet.”
D’Fondatioun Kriibskrank Kanner finanzéiert hir Hëllef iwwer Donen. Ouni déi kéint si de kranke Kanner an hire Famillen net hëllefen.
D’lescht Joer huet si iwweregens 303 Famille begleet, dorënner ware 36 nei Fäll. An der Moyenne dauert esou eng Begleedung fënnef Joer.