Dat ass déi Helleg Barbara. Et ass eng laang Traditioun, dass op ville Plazen nach geschoss gëtt. Dat fir un d’Geräisch z’erënneren, wat fréier vun de Minnen aus eropkomm ass. Zu Téiteng gëtt awer hautdesdaags net méi schaarf geschoss, erkläert de Men Goergen, e gebiertege Keeler.
“Fréier war dat e wéineg méi haart. Dunn hu se mat Schwaarzpolver hei geschoss gehat. Ech kann mech erënneren als Bouf, matzen an der Nuecht ware si amgaange mat sprengen an dat ass permanent esou gaangen. D’Leit waren dat gewinnt. Déi meescht jonk Leit wëssen dat guer net a kënne sech guer net dorun erënneren. Si hunn dat jo och ni matgemaach. Ech hunn elo 79 Joer a vu klengem Bouf aus un hunn ech dat matgemaach. A mir hunn och an de Minièrë gespillt als kleng Bouwen.”
Haut kommen d’Gaskanounen an den Asaz wéinst dem Déiereschutz a well an enger Ëmweltschutz-Zon geschoss gëtt. Bärbelendag huet eng laang Traditioun am Minett, erënnert den Éierebuergermeeschter vu Keel, de John Lorent, deen och President vum Bäerbelcomité Téiteng ass. D’Ierwe vun de Mineure sinn eis sozial Rechter vun haut.
“Den Ursprong vun eiser sozialer Gesetzgebung, net nëmmen hei, mee a ganz West-Europa kënnt eigentlech vun deene Revendicatioune vu de Mineuren a vun den Aarbechter hier. Dat muss een einfach esou soen. D’Solidaritéit ass fir de Mineur eng Selbstverständlechkeet gewiescht. A well si e ganz geféierlechen a schwierege Beruff haten, war et och ganz kloer, dass déi Revendicatiounen do komm sinn.”
Rëmeleng, Keel, Diddeleng an Déifferdeng: alles Minnen, déi fir de Räichtum vu Lëtzebuerg gesuergt hunn an aus dem Bauere-Staat e modernt Industrieland gemaach hunn. De Bäerbelendag ass dofir och op der nationaler Lëscht vum immaterielle Kulturierwen. De Brauch gëtt zanter 1954 gefeiert.