De gliesene Mënsch?!Dateschutz: Mängel bei elektronesche Päss

Pierre Weimerskirch
Fuerscher vun der Uni Lëtzebuerg hunn dateschutzrechtlech Mängel bei den elektronesche Päss fonnt.

D’Fuerschungsresultater goufen op enger internationale Konferenz vu Computerwëssenschaftler zu Lëtzebuerg presentéiert.

Computerwëssenschaftler vun der Uni Lëtzebuerg hunn ënnersicht op et Sécherheetsproblemer mat den elektronesche Päss gëtt. A sinn duerch e Computermodell op en dateschutzrechtleche Problem gestouss. De Ross Horne vun der Uni Lëtzebuerg ass spezialiséiert a Sécherheet vu Softwaresystemer: Et kann ee Beweegunge vu Leit suivéieren. Dat nëmme well se een elektronesche Pass bei sech hunn, och wann se en net opmaachen an e fir eppes benotzen.

Vereinfacht muss ee sech dat esou virstellen, datt am elektronesche Pass een Chip ass, dee beim ausliesen Informatiounen ofgëtt. An engem gewëssenen Ëmkrees kann ee vu baussen op Donnéeën zréckgräifen a Persoune suivéieren. Op d’biometresch Informatiounen, déi am Chip gespäichert sinn, kann een net zréckgräifen.

D’Bewosstsinn fir Dateschutz an de Schutz vu perséinlechen Donnéeën géif ëmmer méi wichteg ginn a wier fir d’Uni Lëtzebuerg e wichtegt Fuerschungsstandbeen ginn, esou de Peter Ryan, Professer an de Computer- a Kommunikatiounswëssenschaften.

Back to Top
CIM LOGO