
Wéi genee ass dat gemengt?
Et muss een zur Conclusioun kommen, wann ee sech alles dat, wat gezielt gëtt an ze liesen ass, duerch de Kapp goe léisst, datt bei de concernéierte Banke munches schéngt schif gelaf ze sinn. “Ech schléissen do ausdrécklech déi spuenesch Bank mat an”, sou de Claude Arend, “ausser déi kann eis confirméieren, dat keng Gelder verschwonne sinn an d’Suen zum gréissten Deel nach op de Konten a Spuenien stinn. Well se do blockéiert goufen. Vun der Bank oder den Autoritéiten, no enger Denonciatioun vun der Bank”.
A mam “schwaarze Péiter halen an net lassginn“, riskéiere si, fir de Schued opzekommen. An do verweist de Finanzexpert op eng Geschicht, iwwer déi da jidderee sech selwer seng Meenung ka bilden.
De Claude Arend erzielt:
Ech hunn ëm de Joerdausendwiessel an der Schwäiz geschafft an do e Client betreit, nodeems mäi Virgänger bei eng aner Bank gewiesselt ass, wou e puer Joer virdru seng Firma verkaaft hat an 130 Milliounen Euro op d’Bank bruecht huet. Hien huet och eng fréier Beroderin vun der Bank, fir säi Family Office engagéiert. Där Madamm zwar keng Procuratioun op de Konto ginn, awer et ass der Bank spezifesch erlaabt ginn, all ënnerschriwwen Instruktiounen, wou mat Fax erakomm sinn, mat der Madamm ze confirméieren. E sougenannten “call back” ze maachen, fir d’Authentizitéit vun där Instruktioun ze préiwen.
Haut kommen d’Instruktioune per E-Mail eran. Dat ännert awer näischt um “call back”. Och net, wann den E-Mail-Verkéier tëscht Bank a Client securiséiert ass.
An dunn ass enges Daags de Client an d’Bank komm a mir hunn zwar net iwwert seng Sue geschwat, awer trotzdeem sympathiséiert. An ech hu mir misste vu menger fréierer Kolleegin Reprochë gefale loossen, wat mech géing ugoen, den direkte Kontakt mam Client ze sichen. Ech misst dat ëmmer iwwert si maachen. E puer Méint méi spéit ass de Client erëm laanscht komm. Hie kéim no senge Sue kucken, sot en, an huet mir eng Kopie vun engem Extrait mat däitlech iwwert 100 Milliounen Euro gewisen. Mir haten op der Bank awer nëmmen nach just ëm 2,5 Milliounen.
An dunn direkt bei d’Police?
Net direkt, awer natierlech huet de Mann Plainte gemaach. E puer Joer méi spéit, no der Instruktioun, huet hien en Deel vu senge Suen zréckkritt, d’Madamm vum Family Office huet fënnef Joer Prisong kritt an déi Bank, wou ech geschafft hunn, huet 44 Millioune Schwäizer Frang un de Mann missen zréckbezuelen. Mat der Begrënnung, datt d’Bank hätt missen erkennen, datt d’Ënnerschrëft op de Faxe gefälscht waren.
An d’Conclusioun vun der Geschicht?
Dat déi Geschiedegt, wa se gutt Affekoten hunn, d’Sue bei déi siche ginn, déi déif Täschen hunn. Am Fall vun der Caritas wieren dat also d’Banken. A wann CSSF an EZB zur Conclusioun kommen, datt d’Banken, bei eis an a Spuenien, net genuch opgepasst hunn.