Jill Goeres D'Buergermeeschtesch, déi nach bei hiren Eltere wunnt

Tim Morizet
Bech am Kanton Iechternach. 1.361 Awunner – 70% vun hinne ware berechtegt, e Sonndeg ze wielen.
D'Buergermeeschtesch, déi nach bei hiren Eltere wunnt
Bech am Kanton Iechternach. 1.361 Awunner – 70% vun hinne ware berechtegt, e Sonndeg ze wielen.

Et war déi grouss Iwwerraschung fir vill Leit a wuel och fir d’Jill Goeres. Déi 20 Joer al Studentin gouf mat de meeschte Stëmmen – knapp 400 – un d’Spëtzt vun der Gemeng gewielt. Ouni grouss Diskussiounen ewéi a villen anere Gemenge gëtt si domadder déi nei Buergermeeschtesch, déi jéngst am Land. Hir Devise ass kloer: manner schwätzen, dofir awer méi maachen: “D’Iddi ass virun e puer Méint opkomm an dunn duecht ech mer: firwat laang schwätzen an net einfach maachen? Ech fannen dat flott, wann ee sech a senger Gemeng engagéiert. Firwat soll een do also laang waarden?

Als Jonken an der lokaler Politik net eescht geholl ze ginn, fäert d’Studentin net. A ville Gemengen an der Ëmgéigend gouf och relativ jonk gewielt, erkläert d’Jill Goeres: “Bis elo war d’Resonanz ganz positiv. Natierlech huet ee gesinn, datt ganz vill Leit hei an der Gemeng hannert engem stinn. An de leschten 2 Deeg war de Feedback extrem positiv. Ech hoffen dat geet esou weider.

Politesch aktiv war déi jonk Studentin bis ewell nach net. No hirer Victoire e Sonndeg awer flattere Messagë vu sëllege Parteien an hir Inbox. D’Studentin weist sech zeréckhalend. Hire Fokus läit aktuell op de sëllege Veräiner uechter d’Gemeng, wou si aktiv ass. Keen onbekannte Gesiicht also.

Ech sinn haaptsächlech an der Becher Jugend aktiv. Mee awer och an anere Veräiner an der Géigend, sou wéi der Maacher Landjugend. Ech sinn am Comité vum Iechternacher a Maacher Beieveräin. Zanter kuerzem sinn ech och am Becher Gesang mat dran. Generell sinn ech och gären op all Duerffest aktiv mat dobäi.

Hir Fräizäit verbréngt d’Jill Goeres gäre mat hire 400.000 Beien. Zanter 2 Joer ass si eng passionéiert Imkerin, déi och selwer Hunneg an der Ëmgéigend verkeeft. Hir ass et wichteg, virun allem den Duerf-Charakter vun der Regioun ze stäerken. Ma och hei zu Bech kënnt een net laanscht d’Thema Logement. Besonnesch als Jonke wier ee sech bewosst, wéi komplizéiert d’Wunn-Situatioun aktuell ass, bedauert och d’Jill Goeres: “Bei mir selwer als Member vun der Becher Jugend, mat ganz ville Jonke ronderëm mech, déi iergendwann hei an der Gemeng baue wëllen, steet dat Thema schonn am Mëttelpunkt. Do wäerte mer probéieren, flott Léisungen ze fannen.

Et bleift nach 1 Joer op der Uni fir d’Studentin. Duerno wëll d’Jill Goeres als Léierin am Fondamental schaffen a wier souzesoe Buergermeeschtesch no Feierowend. Punkto Aarbechtsopwand mécht dat an enger klenger Gemeng ewéi Bech generell ee bis zwee Aarbechtsdeeg d’Woch aus.

Back to Top
CIM LOGO