
Eng Policepatrull konnt d'Beobachtunge vun den Zeie bestätegen an huet doropshin d'Waasserwirtschaftsamt prevenéiert.
Den zoustännege Beamte vum Waasserwirtschaftsamt huet confirméiert, datt d'Verknaschtung iwwer d'Becke vun der Industriezon Gadderscheier an d'Chiers gelaf ass. Et goufe Prouwe geholl, fir de Responsabele vun der Waasser-Verschmotzung ze fannen. D'Analyse lafen.