Klima-KonferenzD'COP26 ass fir déi Lénk en Échec

RTL Lëtzebuerg
Et géifen net net genuch Suen a Richtung Süde fléisse fir bei engem gréngen Ëmbau ze hëllefen.
© KENA BETANCUR / AFP

D'Sortie aus der Kuel wier no hanne verréckelt ginn, genee wéi d'Enn vum Verbrennungsmotor.

Beim geplangte planze vu Beem dierft een un der Ëmsetzung zweiwelen.  Zu Glasgow hätte sech alt nees nationalistesch a kapitalistesch Interessen duerchgesat, esou déi Lénk, fir déi endlech e Systemwiessel muss kommen.

Klimaschutz misst vun ënnen erop gemaach ginn a vun der Zivilgesellschaft ausgoen.

Hei de komplette Communiqué vun déi Lénk!

Bilan Cop26: "E Meilesteen" bei der Unerkennung vu Klimaschied

Back to Top
CIM LOGO