Invité vun der Redaktioun (16. Januar)D'CSV-Deputéiert Martine Hansen iwwert Schoulreformen

RTL Lëtzebuerg
Invité en Dënschdeg ëm 10 op 8 war d'CSV-Deputéiert a fréier Héichschoulministesch Martine Hansen.
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: Martine Hansen
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis donneschdes moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Mir wëllen net alles iwwert e Coup geheien, mä déi néideg Upassunge maachen, sou d'CSV Deputéiert Martine Hansen en Dënschdeg de Mueren am RTL-Interview iwwert d'Schoulreformen.

De Schoulministère wier nach ni esou politesch gefouert ginn, wéi ënnert dem Claude Meisch. Hien hätt politesch Decisioune geholl an dunn eréischt Leit informéiert.

Dernieft wiere seng Konzepter net bis zum Enn duerchduecht an et géifen ze vill Gremien geschafe ginn. Sou weider Kritike vun der CSV-Politikerin.

Et wier awer net alles schlecht, wat den Här Meisch decidéiert huet: zum Beispill wier d'Reform am Cycle inférieur am Secondaire technique ze begréissen.

Op Nofro hin, huet déi fréier Héichschoulministesch Martine Hansen och nach erkläert, datt si sech am Fall vun enger Regierungsbedeelegung fir de Ressort Educatioun géif interesséieren.

Invité en Dënschdeg ëm 10 op 8 war d'CSV-Deputéiert a fréier Héichschoulministesch Martine Hansen.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.

Back to Top
CIM LOGO