
Als Gewënner vum Concours goung SWECO/G.A.F./S.W.A.A ervir. Si hunn ënnert anerem scho Projete wéi d’Universitéitsmedezin vun der Charité zu Berlin ëmgesat, d’Bundeswehr-Spidol zu Hamburg oder d’Uni-Spidol zu Jena.
SWECO huet hir Büroen zu Bréissel an zu Bremen. Si schaffe bei dësem Projet mam hollänneschen Architektebüro GAF (Gortemaker Algra Feenstra Architects B.V.) zesummen, grad ewéi mat SWAA (Schemel Wirtz Architects Associés Sàrl) vu Bartreng.
D’Bauaarbechte solle 7 bis 8 Joer daueren an 2030/31 sollen dann déi éischt Patienten am Südspidol kënnen empfaange ginn.