LoyerssubventiounD'Demandë ginn erop, mä d'Hëllef kënnt nach laang net bei jidderengem un

Claude Zeimetz
42.000 Stéit kommen dem Logementsministère no theoretesch a Fro, fir vun der neier Loyerssubventioun ze profitéieren.
© AFP

Theoretesch. Bis uganks Oktober dëst Joer hunn allerdéngs nëmme 7.303 Menagen déi staatlech Hëllef effektiv kritt. Dat geet aus der Äntwert vum Logementsminister Henri Kox op eng parlamentaresch Fro vu senger grénger Parteikolleegin Semiray Ahmedova ervir. Och wann d’Zuel vun de Beneficiairen am Laf vun der Zäit eropgaangen ass, bleift et also derbäi, datt nëmmen e Brochdeel vun de Leit, deenen dës Hëllef zousteet, se och wierklech ufroen. Virun den Adaptatiounen, déi am Summer a Kraaft getruede sinn, war dat grad emol 1 Stot op 5. Och de Logementsminister huet misse beim Vott vum neie Mietzuschuss an der Chamber zouginn, datt een d’Leit nach ëmmer net richteg erreecht kritt.

Loyerssubventioun/Reportage Claude Zeimetz

D’Reform vun der Loyerssubventioun ass dëst Joer op den 1. August no vir gezu ginn. Op Basis vum Tripartitesaccord sinn d’Zougangscritèren zanterdeem manner restriktiv an och d’Montante sinn op bis zu maximal 400 Euro de Mount an d’Luucht gaangen, fir der Präisentwécklung Rechnung ze droen. Fir eng Persoun, déi eleng lieft, ass de Plaffong, fir vun der Subventioun ze profitéieren, ëm 18% gehéicht ginn. Fir eng Koppel mat zwee Kanner ëm 16%.

Virun deem Hannergrond sinn am August d’Demanden ëm 111% op 582 geklommen. Am September nach emol ëm 160% op 714. Wéi gesot spigelen dës Zuelen de reelle Besoin awer nëmme bedéngt erëm.

De Bléck no hanne weist awer och, wéi wéineg Loyerssubventioune viru 6 Joer bezuelt goufen. 2016 huet de Staat grad emol vun 1.090 Stéit en Deel vun hirem Loyer iwwerholl. Käschtepunkt 837.270 Euro. Am Verglach, fir d’nächst Joer ass eng Budgetsenveloppe vu ronn 25 Milliounen Euro virgesinn. Fir Sensibiliséierungsaktiounen an Informatiounscampagnë sinn nach emol 3 bis 5 Milliounen zousätzlech ageplangt.

Back to Top
CIM LOGO