SPEBS, ALEE a SLEGD'Diskussioune ronderëm d’Kompetenzzenteren dierften nach eng Zäitchen unhalen

RTL Lëtzebuerg
D'Personal aus dësen huet weider op enger Rëtsch Punkte Klärungsbedarf, well hir Missioune ganz komplex, an nach ëmmer deels net kloer definéiert wieren.
© AFP

Op Basis vun engem Accord, dee mat de Syndikatsvertrieder vun der CGFP ënnerschriwwe gouf, net awer mat deenen déi dem OGBL nostinn, sollen eng Rei Verbesserunge kommen, huet den zoustännege Minister Claude Meisch déi lescht Woch an der Chamber versprach.

Déi dräi Syndikater SPEBS, ALEE an SLEG, ënnersträichen an engem Communiqué op dësem Méindeg dann och nach emol, dass deen Accord an hiren Aen effektiv Verbesserunge fir d’Personal wäert mat sech bréngen, well endlech mol e legale Kader géif geschaf ginn, an d’Tâche erofgeet op 30,5 Stonnen.

PDF: Pressecommuniqué

Back to Top
CIM LOGO