Presidence bei déi GréngD'Djuna Bernard kandidéiert fir de Poste vun der Co-Parteipresidentin

Joel Detaille
De 16. Mäerz ass jo Partei-Kongress vun deene Gréngen.

Déi 26 Joer jonk Deputéiert bei déi Gréng huet hir Kandidatur, fir Co-Parteipresidentin bei "Déi Gréng" ze ginn eragereecht, dat huet Djuna Bernard RTL géigeniwwer confirméiert.

Eréischt no de Chamberwalen 2018 ass d'Djuna Bernard fir déi éischte Kéier fir déi Gréng an d'Chamber gewielt ginn.
Eisen Informatiounen no ass de Christian Kmiotek den Ament Kandidat fir seng eegen Successioun als Co-Parteipresident, dat huet hien eis e Donneschdeg de Mëtteg confirméiert.

Back to Top
CIM LOGO