Eclat bei Agence eSantéD'Doktere wäerten eis feelen, seet de Christian Oberlé

Pierre Jans
Fanny Kinsch
Hie géing net verstoen, firwat d'Dokteschassociatioun sech aus der Agence eSanté zréckgezunn huet, an dat och bedaueren.

D’Gesondheetskeess wier sécher net drun interesséiert, d’Gesondheetsapplikatioun vun den Dokteren ze sabotéieren, d’CNS géing selwer d’Käschten iwwerhuelen, wann Dokteren Dokumenter digital erareechen - esou reagéiert de President vun der CNS an der Agence eSanté, nodeems d’Doktesch- an Zänndokteschassociatioun sech aus dësem Gremium zréckgezunn huet. Sabotage war dobäi ee vun de Reprochen.

Donieft wërft d’AMMD der Agence eSanté vir, den Dateschutz net seriö ze huelen. Wärend der Pilotphas vum digitale Patientendossier wieren 23.000 Dossieren illegal opgemaach ginn. Dat wier net gutt gewiescht, ma dorop wier och reagéiert ginn, seet de Christian Oberlé.

Christian Oberlé: “Deen Dossier ass seriö gefouert ginn, deen ass am Conseil de gérance ausdiskutéiert ginn, d’Conclusioune si gezu ginn, deemools och mat der AMMD zesummen. Ech mengen net, dass et elo wichteg ass, dass deen Dossier elo erëm erausgezu gëtt, well deemools sinn d’Schlussfolgerunge gezu ginn an et ass och dat gemaach ginn, wat deemools néideg war gemaach ze ginn.”Datt haut jiddereen en elektronesche Patientendossier kritt a sech ofmelle muss, wann en dat net wëll, wier sënnvoll, sou de Christian Oberlé weider.

Christian Oberlé: “Mëttlerweil ass all anert Land an déi do Richtung gaangen, well et awer de Wee ass, deen ee soll goen, fir dass dee Patientendossier séier kann deployéiert ginn. Dat a Fro ze stellen, dat ass e bësse Moutarde après dîner an d’Situatioun vun haut beweist och, datt dat deemools déi richteg Decisioun war.”

Fir op de Reproche vu Sabotage zréckzekommen: De Problem, firwat d’Gesondheetsapplikatioun vun der AMMD net genuch genotzt gëtt, läit am Christian Oberlé sengen Aen vill méi dodran, datt et schwéier wier, d’Doktere vun der Digitaliséierung z’iwwerzeegen.

Christian Oberlé: “Eis Hoffnung war eigentlech deemools, wéi d’AMMD gesot huet, majo, mir hunn och eng Iddi vun enger Applikatioun, dass iwwert dee Wee vläicht d’Doktere méi oppen dozou wieren a besser géife verstoen, wat den Interêt vu sou enger Applikatioun ass.”

Hie géing awer weider dohannert stoen, d’Applikatioun vun den Dokteren ze ënnerstëtzen. Den Input vun der AMMD fir nei Produite bei der Agence eSanté auszeschaffen, géing elo sécher feelen, bedauert de Christian Oberlé.

Back to Top
CIM LOGO