Service de RenseignementD'Doris Woltz geet a Pensioun

RTL Lëtzebuerg
D’Doris Woltz, Cheffin vum Service de Renseignement, geet den 1. Juni d'nächst Joer a Pensioun.
© RTL Archiv

Dobäi war hiert d’Mandant un der Spëtzt vum Geheimdéngscht eréischt de leschten November fir weider 7 Joer verlängert ginn. An hirer fréierer Karriär hat d’Doris Woltz wéinst der Bommeleeër-Affär eng Rei Ausernanersetzunge mam haitege Premier Luc Frieden. Dräi Joer nom Koalitiounswiessel gouf d’Doris Woltz 2016 als éischt d’Fra Cheffin vum Srel.

D’Doris Woltz geet an d’Pensioun - Reportage Michèle Sinner

Virdru war si 5 Joer laang Procureure d’état adjointe beim Parquet an der Stad. An do virdru laang Joren Untersuchungsriichterin um Bezierksgeriicht Lëtzebuerg. An där Zäit huet si géint d’Bommeleeër enquêtéiert. Am Kader vun der Affär Bommeleeër koum et am Juni 2013 an der Chamber zum Mësstrauensvott géint den haitege Premier Luc Frieden, wéinst der Fro, ob hien als deemolege Justizminister Drock op d’Doris Woltz an de Procureur Robert Biever gemaach hat, den Dossier zouzemaachen. Dee Vott haten d’DP an déi Gréng ugefrot, ma verluer, wëll d’LSAP als Koalitiounspartner vun der CSV fir de Luc Frieden gestëmmt hat.

Ganz konkret hat d’Doris Woltz der Justizkommissioun vun der Chamber gesot, de Luc Frieden hätt si 2006 um Bord vun enger Feier vum Basket Contern gefrot, wéini si den Dossier endlech géing zoumaachen. De Robert Biever selwer hat zu Protokoll ginn, de Luc Frieden hätt hie gefrot, ob si näischt anescht ze dinn hätten, wéi d’Bommeleeër-Affär.

Ënn Juni 2013 hat de Luc Frieden och missen am Bommeleeër-Prozess aussoen. Et goung ëm d’Fro, ob hien als Justizminister e Passage aus dem Gesetz iwwert d’Entrave à la justice gestrach hat, duerch deen der fréierer Policedirectioun méiglecherweis Konsequenze gebléit hätten, well d’Bommeleeër-Enquête wéineg Ënnerstëtzung kritt hat. An deem Kontext hat et esou guer eng Perquisitioun um Justizministère ginn. D’Doris Woltz hat als Untersuchungsriichterin ëmmer nees misste bei der Police-Direktioun Personal ufroen, fir kënnen z’enquêtéieren.

Ma och mam Srel hat sech d’Doris Woltz wéinst der Bommeleeër-Affär ugeluecht. Och do hat si eng éischte Kéier 2003 Perquisitiounen ordonéiert.

Bommeleeër: Assurancen nee, Entschäerfung vläicht
Keng Neiwahlen: CSV an LSAP ënnerstëtze Motiounen net
Bomm: “Krich tëscht Justice a Police. Justice verléiert.”

Back to Top
CIM LOGO