Bomm: "Krich tëscht Justice a Police. Justice verléiert."

Den Drock op d'Enquêteuren an op de Procureur général Biever war um Mëttwoch de stënterleche Programm am Bommeleeër-Prozess. Den Enquêteur Joël Scheuer huet – aus Aktualitéitsgrënn – presentéiert, wéi iwwer d'Joer ëmmer erëm vun uewen erof probéiert ginn ass, den Enquêteuren hir Aarbecht ze bremsen, onméiglech ze maachen oder ze stoppen.
An der Affär Bommeleeër hunn um Mëttwoch d'Informatiounen d'Kopplabunz geschloen: Aussoen, Drock, Reaktiounen a Géigereaktiounen ...
Den Enquêteur Joël Scheuer sot um Mëttwoch am Bommeleeër-Prozess: De Luc Frieden huet beim Robert Biever vu "Krich tëscht Police a Justice" geschwat a gesot, d'Justice géif dee verléieren.
Déi Ausso koum, well viru Geriicht iwwert den Drock, dee vum deemolege Justiz-Minister op d'Justice soll ausgeübt gi sinn, geschwat gouf.
An enger Reaktioun op RTL huet de Minister all d'Reprochen zeréckgewisen, de Robert Biever wëll um Donneschdeg de Moie reagéieren.
Der Rei no ...
De Procureur Georges Oswald ass um Ufank vum 47. Dag am Bommeleeër-Prozess op den Drock op d'Enquêteuren an op den deemolege Procureur d'Etat Robert Biever agaangen, vun deem an de leschten Deeg Rieds war. An deem Zesummenhank sollt den Enquêteur Joël Scheuer gehéiert ginn. De Me Vogel huet gefrot, op Grond vun den RTL-Revelatiounen och de Patrice Solagna vun der Police judiciaire ze ruffen. Dat wär wuel e bësse méi schwéier, sot d'Presidentin, mä den Enquêteur Scheuer kéint kommen.
"Däitlechen Drock"
No enger kuerzer Paus war deen do an huet virop gemengt, de Policechef Pierre Reuland hätt eng Kéier gesot: "Dir kommt bis op ee Punkt an dann net weider!" De Joël Scheuer huet vun däitlechem Drock vu Leit aus dem Kader geschwat an ee Beispill aus dem Oktober 2006 genannt. Do huet de Pierre Reuland den Enquêteuren um Abschied vun engem Polizist erkläert, et misst een net alles soen an, sollt hien nees gehéiert ginn, dass hie sech dann un näischt anescht géif erënneren. De Policechef huet den Enquêteuren och un d'Häerz geluecht, den Dossier definitiv zouzemaachen; et kéint ee schliesslech "net éiweg doru schaffen", an et géif keng plausibel Erklärunge fir e Weiderféiere vun der Enquête ginn. Wuertwiertlech sot de Pierre Reuland: "Et ass net sou schlëmm, wéi Dir mengt, gleeft mer et!" D'Enquêteure sollten och Holz drop leeën, an et géif vill aner interessant Aufgaben an der Police ginn.
"Net normal an net ubruecht"
Dem Ugeklote Marc Scheer no hätt de Pierre Reuland d'Remarque "Dir kommt bis op ee Punkt an dann net weider!" och géintiwwer him an dem Jos Wilmes gemaach. De Joël Scheuer ass viru gefuer mat der Prezisioun, dass d'Enquêteuren eng Note iwwert den Owend vun deem Abschied gemaach huet an dass et iwwert dat Gespréich keng Interpretatiounsdivergenze gi wär.
D'Diskussioun wär net normal an net ubruecht gewiescht, sou de Joël Scheuer, deen dono op d'Reunioun, och am Oktober 2006, mam Patrice Solagna vun der PJ agaangen ass; Detailer doriwwer gouf et jo am Mëttesjournal vun RTL Radio Lëtzebuerg. D'Aussoe vum Minister Luc Frieden, wéini d'Enquête géif ofgeschloss ginn, hätten hien un déi vum Patrice Solagna erënnert, sot den Enquêteur, fir dee souwuel de Patrice Solagna wéi och de Pierre Reuland si menacéiert hätt. De Procureur Georges Oswald huet dat d'selwecht gesinn. Et wär eben dann op d'Ofstellgleis gaangen, sou de Joël Scheuer, deen nach betount huet, dass de Patrice Solagna kuerz drop en Datum fir d'Enn vun der Bommeleeër-Enquête genannt huet. Doriwwer wär d'Untersuchungsriichterin Doris Woltz rose gewiescht!
"Justice verléiert Krich"
Kuerz drop hätt de Minister Luc Frieden dem deemolege Procureur d'Etat Robert Biever ugeruff, fir him ze soen, hie kéint net méi schlofen. Op Grond vun engem Rapport iwwert déi zwee misst hien, Luc Frieden, de Guy Stebens an de Pierre Reuland elo ofsetzen; et misst een awer och un deene Leit hir Familljen denken. Et kéim elo wuel zu engem Krich tëscht Justiz a Police, an, Zitat Luc Frieden, d'Justiz géif do verléieren. De Joël Scheuer huet vun engem heftege Gespréich tëscht Luc Frieden a Robert Biever geschwat!
De Procureur Georges Oswald huet déi Ausso vum Luc Frieden relativ oséiert genannt!
An nach Interventiounen ...
Dem Joël Scheuer no hätt sech de Patrice Solagna och driwwer beschwéiert, dass d'Bommeleeër-Enquêteuren am Alleingank de Marc Scheer an de Jos Wilmes festgeholl hätten. Fir de Patrice Solagna géif een doduerch gesinn, wou d’Enquêteure stoe géifen, an hien hätt och vun engem Bummerang geschwat, ouni Prezisiounen dozou ze ginn.
Wat d'Gesetz iwwert d'Entrave à la justice ugeet, hätt de Pierre Reuland um Ministère dowéinst intervenéiert an de Guy Stebens hätt dat iwwert d'Gewerkschaft vun de Kadere probéiert.
D'Me Lorang huet gefrot, firwat dat geschitt wär. D'Presidentin vum Geriicht Sylvie Conter huet gemengt, d'Äntwert dorop dierft kloer sinn: Et kéint een e klengen Interêt do hannendru gesinn, sou d'Riichterin!
Drock als Confirmatioun fir richteg Spur ...
Dem Joël Scheuer no konnt sech de Patrice Solagna iwwregens eng Stay-behind-Spur virstellen. Den Enquêteur Carlo Klein hätt sech doropshin d'Fro gestallt, ob de Patrice Solagna am Geheimen dozou enquêtéiert huet, wouriwwer ee rose gewiescht wär.
De Me Vogel huet betount, awer net vum Patrice Solagna berode ginn ze sinn.
Um Enn huet de Joël Scheuer deklaréiert, den Drock op d'Enquêteure wär fir si d'Confirmatioun dofir gewiescht, dass een et mat internen Täter ze dinn hat. Firwat soss hätten de Pierre Reuland an de Patrice Solagna Drock a Richtung extern Täter gemaach; dat hätt kee Sënn erginn. D'Zil dovu wär et gewiescht, d'Enquête an engem kruziale Moment ze stoppen, an de Robert Biever an d'Enquêteuren ze diskreditéiere wär eng lescht Méiglechkeet dofir gewiescht.
Reaktioun Luc Frieden op Radio Lëtzebuerg
Et goufen also vum Enquêteur Scheuer kritesch Aussoen, wat de fréiere Justizminister Luc Frieden ugeet: Hien hätt dem Procureur Robert Biever ugeruff, fir him ze soen, datt hien net méi schlofe kéint; op Grond vun engem Rapport misst hien, Luc Frieden, de Guy Stebens an de Pierre Reuland ofsetzen; et kéim wuel zu engem Krich tëscht Justiz a Police, an do géif dann - d'Zitat um Geriicht vum fréiere Minister - d'Justiz verléieren.
Wat seet de betraffene Mann selwer? De Guy Kaiser huet um Mëttwoch den Owend mam Luc Frieden telefonéiert ...
... dee betount, datt hien alles gemaach hätt, fir datt ebe kee Malaise tëscht Justice a Police soll weider bestoen. An, esou de Minister Frieden, den Enquêteur Scheuer wier bei dem Gespréich mam Robert Biever net derbäi gewiescht an dofir wéilt hie Preuvë fir déi Behaaptungen.
Biever reagéiert um Donneschdeg de Moien
Bommeleeër-Affär a Justice-Police-Kontrovers: De Procureur Général Robert Biever mécht muer de Moien ëm 10 Auer eng Deklaratioun an der Cité judiciaire.
Konklusioun Me Vogel
De Me Vogel huet am 47. Dag vum Bommeleeër-Prozess e Virspill gesi vun deem, wat den Donneschdeg de Mëtten an der Chamber um Programm steet. D’Revelatiounen aus de leschten Deeg hätte gewisen, dass den deemolege Justizminister Luc Frieden keen Intressi dofir gewisen hätt, dass d’Bommeleeër-Enquête zu engem Resultat kéim.
Fir de Me Vogel missten awer och an der Police Leit verschwannen. D’Gesetz iwwert d’Entrave à la justice géif elo gräifen a geschwë géifen an deem Kontext ënner Eed Zeien aus der Police gehéiert ginn!