Keng Neiwahlen: CSV an LSAP ënnerstëtze Motiounen net

Keng Neiwahlen: Weder CSV, nach LSAP hu Motioune vun Oppositioun, fir Minister Frieden resp. der Regierung d'Vertrauen ze entzéien, ënnerstëtzt.
Ëm d'Vertrauen an d'Regierung goung et während iwwer 3 Stonnen um Krautmaart, do wou op Demande vun deene Gréngen an der DP an zwou Motiounen de fréieren Justizminister Frieden respektiv d'komplett Regierung d'Vertrauensfro gestallt kruten. Béid Motiounen goufe mat de Stëmmen vun der Majoritéit verworf. 41 Nee-Stemmen an nëmmen 19 Jo.
Och d'LSAP huet sech also hannert de Minister Frieden gestallt an domat och d'Regierung. Vun Neiwahlen goung géint 16 Auer keng Rieds méi.
D'Oppositioun duerch d'Stëmm vun der ADR schwätzt vun engem Persilschäin, deen d'LSAP domat dem Minister Frieden ginn hätt.
De Félix Braz hat virop ee klengen Historique gemaach, fir ze weisen, datt ee keng virschnell Konklusioune gezunn hätt. Fir déi Gréng wier kloer: De Minister hätt intervenéiert. Dem Luc Frieden seng Géigenargumenter hätten d'Virwërf vum Robert Biever an Doris Woltz net kënnen entkräften. Dofir misst een him d'Vertrauen entzéien. 6 Joer laang laanschtenee geschwat? Dat wier, oncredibel! De grénge Politiker acceptéiert net, datt de Luc Frieden seet, et hätt ee laanschtenee geschwat. Net während 6 Joer. Hien hätt op Schratt an Tratt beim Robert Biever ëmmer an eng Richtung geschwat: "Ech hätt léiwer, dir géingt mat der Enquête ophalen." 4 Leit wieren duerch de Kacka gezu ginn - ruckelzeg, esou d'Aschätzung vum Félix Braz. Dat wier oppen Homophobie. Géint de Robert Biever an 3 aner Leit, dorop ass de Procureur jo och schonn agaangen. Et géif jo awer Responsabilitéiten a wann esou vill schif leeft, misst ee se assuméieren.

Wéi de Xavier Bettel d'Wuert ergraff huet, sot hien, datt d'Vertraue vun de Bierger an d'Institutioune méi kleng gëtt. Et misst ee blann sinn, fir dat net ze gesinn. Den Här Staatsminister huet net korrekt informéiert, esou de Xavier Bettel iwwert d'Informatiounspolitik vum Premier an der Geheimdéngschtkommissioun. De Premier hätt ganz vill gewosst, ma hätt näischt gesot: wat SREL-Implikatiounen am Dossier Cargolux oder Pseudo-Pädophilie-Virwërf uginn zum Beispill. Den Här Roth wier deen Éischte gewiescht, dee mat him iwwert d'Pädophilie-Virwërf a Richtung Robert Biever geschwat hätt. De Xavier Bettel reegt sech driwwer op, datt aus der Chamber Leit solle sech u Pädophilie-Virwërf géint de Robert Biever bedeelegt hunn, fir deen ze diskreditéieren. Wien dat gemaach oder gesot hätt, dee sollt opstoen.

De Minister Luc Frieden ass um Ufank vu senger Interventioun op seng Meritten als Justizminister agaangen. "Ech war gäre Justizminister", sou de Luc Frieden, dee sech rosen, entsat an esouguer blesséiert sot. Iwwert d'Durée vu Prozesser/Enquêten ze schwätzen, wier normal a géif zu den Aarbechte vum Justizminister gehéieren. An den Austauschgespréicher mat de Geriichter géing et jo net ëm d'Wieder goen. "Wéi laang dauert et nach?" a "Wéini kënnt et zum Prozess?" Dat ware legitim Froen, 17 Joer no de Faiten, esou de Luc Frieden. Hien hätt awer ni gefrot, datt d'Enquête zougemaach gëtt. An ech hunn ni Detailer gefrot! De Minister fënnt och, datt een alles aus de Berichter misst zitéieren. "Et war ni meng Intentioun, anzegräifen". Op deem Punkt bleift hien formell. De Luc Frieden huet de Robert Biever zitéiert, dee ganz um Wupp vu senger Deklaratioun sot, datt et net dem Minister seng Schold wär, datt d'Bommeleeër-Affär nach net opgekläert wär. Allerdings ass de Procureur a senger Deklaratioun net op fréier Virwërf un d'Adress vum Minister agaangen. Vu Wäisswäschen an där Hisiicht kinnt op alle Fall keng rieds sinn.

An den Debatte ass et och ëmmer nees ëm Dysfunktionnementer am SREL gaang. Déi Diskussiounen sollen an der Enquêtekommissioun weidergefouert ginn. D'Kommissioun huet sech jo virgeholl e Rapport bis d'Summervakanz ze maachen. Op Basis vun deem Rapport missten intensiv Debatten iwwert de Fonctionnement vum Geheimdéngscht gefouert ginn, sot de President vun der Enquêtekommissioun Alex Bodry.
D'Debatt mécht mech net rosen, ma dat, wat ënnert der Debatt stécht, mécht mech traureg, esou de Premier Jean-Claude Juncker am Ufank vu senger Ried. An der Chamber misst een awer esou Debatte féiere kënnen. Et ass zwar net u mir, de Parquet z'informéieren, ma wann ech elo eppes vum Geheimdéngscht erugedroe kréien, dann hunn ech den Telefon am Grapp.

An de Premier Jean-Claude huet ënnerstrach, datt hie sech senger politescher Responsabilitéit stelle wäert. Wann d'Chamber der Meenung wier, hien hätt als Premier Saachen net richteg gemaach, missten dorausser déi politesch Konklusioune gezu ginn, déi normalerweis dorausser gezu ginn.
Och iwwert e Minister kann ee net mam Pifffaass fueren, an der Hoffnung, datt eppes hänke bleift. An: D'CSV steet hannert dem Luc Frieden, deen e geradlinege Minister ass, esou de Parteikolleg Gilles Roth a senger Ried. Den CSV-Fraktiounspresident gesäit kee Grond, dem Minister Frieden d'Vertrauen ze entzéien.

Mir brauche Legitimitéit an d'Éier vun eis Politiker ass dobaussen am Gaangen ze leiden. De Lucien Lux fuerdert eng fair a korrekt Analys och a Fro vun Demissioun, wat u sech dat Schlëmmst ass, wat ee vun engem Politiker fuerdere kann. Dat soll och fir de Luc Frieden gëllen. Et géif eng LSAP-Motioun vum Alex Bodry ginn. D'Motioune vun der Oppositioun géingen d'Sozialisten net matdroen.

De Procureur Robert Biever huet am Laf vun der Chambersessioun richtegstelle gelooss, dass et him de Moien net drëm gaang ass, fir de Luc Frieden wäisszewäschen. Duerch d'Verhale vum Luc Frieden hätt d'Orientéierung vun der Enquête wuel net changéiert, mä et wier kloer, datt d'Enquête op materiellem Plang duerch d'Verhale vum deemolege Justizminister vill méi schwéier gi wier.
De Gast Gibéryen huet gesot, datt d'Sozialiste leider eng weider Kéier ëmgefall sinn. Hien erënnert mat Bedauern un den "Anstand" vum Johny Lahure. D'Bilanz vun der ganzer Regierung wier katastrophal, no joerzéngtelaanger Günstlingswirtschaft am CSV-Staat géif elo alles implodéieren. De Gast Gibéryen hätt sech en Neiufank gewënscht.

De Serge Urbany vun déi Lénk hätt sech gewënscht, dass ee méi genau aus der Pressekonferenz vum Robert Biever zitéiert hätt an och méi genau aus deem wat déi lescht Deeg alles gezielt gouf.Et handelt sech bei der Bommeleeër-Affär net ëm e Gromperendéif. Et géif sech ëm eng Staatsaffär handelen.

Nodeems de Procureur général d'Etat Robert Biever en Donneschdegmoien a senger Pressekonferenz gesot hat, verschidden Deputéiert wéilten hien diskreditéieren, jo mam Piffaass iwwert e fueren, hat den CSV-President Michel Wolter en Donneschdegmëtteg am Chamberplenum gemengt, de Radio 100komma7 misst d'Protection des sources, also de Schutz vu sengen Informatiounsquellen ophiewen a soen wien hinnen Dokumenter iwwert d'Pädophilieenquete vum SREL zougespillt huet, fir ze wëssen wien déi Informatiounen no bausse gedroen hat, reagéieren d'Journalistevertriedungen. De Michel Wolter huet argumentéiert, sollt de Radio seng Source net nennen, kéint kee soen, datt d'CSV géif dohannert stiechen.
D'Lynn Gaspar huet e Freidemoien nach eng Kéier beim Michel Wolter nogefrot, deen u sengen Aussoen vun en Donneschdeg festhält.
Michel Wolter: Ech fannen, dass ech näischt falsches gemaach hunn... ech fannen net, datt ech hei eng Diktatur wollt provozéieren... ech fannen net, datt mer an eng Situatioun lo hei gaange wiere, wou mir den Dengen vum Quelleschutz géingen ophiewen. Ech hu just gesot par rapport zu eis, an ech hu gesot, wann aner Fraktiounen dat selwecht wëlle maachen, kënne se dat roueg maachen. Mä ech fannen, datt ech awer och d'Recht hunn, mat menge 26 kloer an däitlech ze soen, hei lauschtert: dir hutt Quelleschutz, mä net par rapport zu eis. Dir kënnt also den Numm soen wann et ee vun eis ass. An ech hu gesot wann et kee vun eis ass, wa mer lo den Numm lo net ierjendwann gesot kréien, da war et kee vun eis, an da muss einfach déi Rumeur ophalen, dass mir et wieren.
Den Här Wolter huet dat Recht net, confirméiert den Fernand Weides, President vum Lëtzebuerger Presserot.
Fernand Weides: Et steet dem Här Wolter net zou, oder och enger Fraktioun, oder soss ierjendengem, ee Journalist vum Quelleschutz ze entbannen. De Quelleschutz ass am Gesetz vun 2010 verankert, an dat ass e Recht!
De Presserot erënnert drun, dass am Fall vun enger geriichtlecher Uweisung eng Perquisitioun kéim, fir un Dokumenter ze kommen, fir eppes eraus ze fannen, dann muss de Conseil de Presse bei där Perquisitioun representéiert sinn, an dat muss a strikter Transparenz geschéien. Grondsätzlech encouragéiert de Presserot d'Journalisten, sech op hire Quelleschutz ze beruffen.
De Syndicat des Journalistes-Luxembourg SJL insistéiert, datt Quelleschutz Pressefräiheet ass, och wann dat der CSV net passt. D'Pressegesetz, dat ënnert dem Asaz vun der Partei vum Michel Wolter entstanen ass, géif de Journalisten d'Recht ginn seng Informatiounsquellen ze schützen.
Dacks kéint ee wichteg Informatiounen nëmmen duerch déi garantéiert Protectioun vun der Source kréien.
D'Gewerkschaft vun de Journalisten wiert sech géint all Versuch d'Press ënner Drock ze setzen.
D'ALJ, d'Associatioun vun de Journalisten ass entsat an präziséiert, datt en Deputéierten, net einfach sou Gesetzer ausser Kraaft setze kann.
Ähnlech hat en Donneschdegowend och schonn de Chefredakter vum 100komma7 reagéiert. De Jay Schiltz huet ënnerstrach, datt hien ni wäert zouloossen, datt een op d'Journalisten politeschen Drock ausübt.
Déi Jonk Gréng stelle fest, datt d'CSV d'Reprochen zu kengem Zäitpunkt ausdrécklech dementéiert huet a fuerderen d'Parteileedung op, de Virwërf sou séier wéi méiglech op de Fong ze goen a wann néideg politesch Konsequenzen ze zéien. Sollten eenzel Deputéiert probéiert hunn de Procureur général ze diskreditéieren, géif dat net nëmmen senger Persoun mä der Credibilitéit vun der ganzer Politik schueden. An deem Fall missten déi concernéiert Deputéiert zrécktrieden.
Déi eng sinn zefridden, déi aner lecken hir Wonnen. D'LSAP ass gespléckt iwwer d'Tatsaach, datt hir Fraktioun an der Chamber dem fréiere Justizminister Luc Frieden d'Vertrauen ausgesprach huet.
Op Facebook zum bsp si se ganz couragéiert, do soe se, (Zitat) se hätten eng Galgenfrist, an 3-4 Wochen wann de Rapport vun der Enquêtekommissioun um Dësch läit, muss de JCJ politesch Verantwortung iwwerhuelen, zerécktrieden. An da misst een a Richtung Neiwahlen marschéieren.
Mee et ass net esou, datt een um Freideg esou eppes an e Mikro gesot krit. Déi eng kritt een net un den Telefon, déi aner wëlle sech net zitéieren loossen. Wie mat engem schwätzt ass de Generalsekretär vun der Partei den Yves Cruchten. Hie léisst op senger Säit keen Zweifel wéi hien en Donneschdeg ofgestëmmt huet.
„Ech verstinn vill Leit déi haut enttäuscht goufen. Ech sinn et och. Eist Land brauch e neie Wand!“ schreift den Yves Cruchten.
Den Dossier SREL also als Hoffnung vun de kriteschen an onzefriddene Geeschter an der LSAP. D'Bewäertung vun deem Dossier giff ganz anescht lafen wéi dat en Donneschdeg. An do seet jiddereen engem, wann de Robert Biever en Donneschdeg säi faméise leschte Saz iwwer de Luc Frieden net gesot, da wier den Dag anescht gelaf.
Sammy Wagner op Facebook: "Dat haut war net méi ewéi eng Galgenfrist, an 3-4 Wochen wann de Rapport vun der Enquêtekommissioun um Dësch läit, muss de JCJ politesch Verantwortung iwwerhuelen, zerécktrieden a mir mussen a Richtung Neiwahlen. Mä e Wahlkampf wou et emt Rechtstaatlechkeet, Vertrauen a Politik geet ass méi einfach ze féihren, wann een de Rapport huet fir dem JCJ ënnert d'Nues ze reiwen. ... Wären mir haut an Neiwahlen gaangen, hätt d'CSV sech hannert enger net ofgeschlossener Enquête können verstoppen an alles erofspillen, ... e Rapport schléit sech besser ronderëmt d'Oueren, an lëscht déi grave Dysfonktionnementer op! Also schéisst net zevill fréih komplett géint LSAP, nach ass dat lescht Wuert do net geschwat an 3-4 Wochen können se weisen emt wat et wierklech geet!"
Presserevue
D'LSAP steet hannert der CSV tittelt d'Tageblatt. De Luc Frieden konnt de Kapp aus der Schleng zéien, allerdéngs nëmme mat der Komplizitéit vun der LSAP kommentéiert de Robert Schneider. Den Dag vun en Donneschdeg wier net dofir do gewiescht fir d'Politikverdrossenheet, déi grasséiert ze bekämpfen, ganz ofgesi vun enger ganzer Partie Kolateralschied.
De Quotidien kënnt a sengem Editorial zur Conclusioun datt d'Sozialisten, andeems se dem Frieden seng Haut gerett hunn, gewisen hunn, datt se KEE politesche Courage hunn an se sech selwer als net glafwierdeg dohi gestallt hunn. Si hätten eng gutt Geleeënheet verpasst fir hir Differenzen mat der CSV z'affirméieren.
LSAP knickt ein, tittelt de Journal op der éischter Säit.
Am Editorial schreiwt de Pascal Steinwachs d'Genossen hätte sech e Selbstgoal geschoss, aus purer Angscht op d'Muecht mussen ze verzichten. Domadder hätte se sech awer definitiv an den Abseits geschoss. En Trauregen Dag fir Lëtzebuerg!
Och d'Lëtzebuerger Wort kënnt zur Conclusioun, datt den 13te Juni kee gudden Dag fir Lëtzebuerg war, kee gudden Dag fir dat demokratesch – institutionnellt Riederwierk.
Thematesch, esou de Marc Schlammes, hätt den Dag awer scho säin Déifpunkt areecht. Wéi de Procureur General d'Etat sech ëffentlech fir seng sexuell Orientéierung rechtfertegen muss, ass engem Staat deen d'Privatsphäre schätzt onwierdeg.
Commentairen op RTL.lu
Natierlech sinn d'Evenementer a virop d'Debatten an der Chamber vu ville Leit suivéiert an och kommentéiert ginn. An och wann net jiddereen där Meenung ass, eng komplett Vue vun de Commentairen kënne mer natierlech net ginn, sou fält d'Reaktioun vun enger ganzer Partie Leit op d'Resultat an der Chamber bei eis um Site dach negativ aus.
Et liest een z.B.
„Ech sin total dégoûtéiert vun deem Trauerspill haut an der Chamber. Do huet een gesin dass mer regéiert gin vun Leit ouni Reckgraat.“
oder
„Mat séingem Persilschain an der Hand , wäissgewäsch vun änger doziler CSV an änger LSAP , déi dem Premier aus der Hand frösst , kann de Minister Luc Frieden eloo all séinge Kritiker äng laang Nues maachen
Waat muss e Minister aigentlech an desem Land iwerhaapt zum Onwéé maachen , fiir dat e muss säin Hutt huelen , déi Froo kann ä sech zurächt ställen ? „
en anere fënnt
„Haut hun d'CSV Memberen neess eng Kéier bewise 'bei eis kanns de grave Feeler maachen, mir halen d'Hand iwwert jiddereen d'Haaptsaach hién as CSV trei'
ganz schlëmm wier d'Haltung vun der LSAP gewiescht“
oder
„CSV / LSAP: schummt Iech !!!!!! Ech hoffen dass dir bei den nächste Wahlen d'Quittung fir dësen Schmierentheater kritt !!!
Hei eng grouss Billergalerie vun dësem wichtegen Dag: