Bommeleeër: Assurancen nee, Entschäerfung vläicht

De Luc Frieden um Donneschdeg no senger Zeienausso.
Um Donneschdeg goung et viru Geriicht nach eemol ëm d'Fro, wien aus wéi engem Grond d'Gesetz iwwert d'Entrave à la justice ausbremse wollt ...
Den degradéierte Police-Chef Pierre Reuland krut vum fréiere Justizminister Luc Frieden keng Assurancen, datt d'Entrave-à-la-justice-Gesetz zu deem senge Gonschte giff formuléiert ginn. Hie selwer hätt den éischten Avant-projet awer vläit entschäerft. Dat sot de Luc Frieden um Donneschdeg am Bommeleeër-Prozess.
No enger hallwer Stonn Auditioun war et esou wäit: Hie giff net ausschléissen, sot de Luc Frieden, dat hien déi kontroverséiert Textpassage aus dem Gesetz gestrach hätt.
Mat e puer kräftege Strécher war jo d'Strafvereitelung im Amt aus dem neien Entrave-à-la justice-Gesetz gestrach ginn an domat war d'Gesetz gekäppt an et gouf am Dezember 2008 och nach an den Tirang geluecht an eréischt am Joer 2010 a senger ursprénglecher schaarfer Form erëm op de Wee bruecht. Dat ass jo e Gesetz, dat néideg ass, fir héich Fonctionnairen ze forcéieren, déi ganz Wourecht viru Geriicht ze soen. An et ziilt, dat wosst am Joer 2008 awer och jiddwereen, et ziilt op déi degradéiert Police-Cheffe Pierre Reuland a Guy Stebens. Déi solle gezwonge ginn, am Bommeleeër-Prozess hiert Wëssen iwwer d'Bommeleeër matzedeelen.
Um 16.20 Auer war de Luc Frieden demonstrativ gutt gelaunt an d'Geriicht komm. No a no ass dunn de Sourire e bësse méi crispéiert ginn, wéi d'Froen ëmmer méi insistent goufen, ob a wéi hien dann de Procureur Biever an d'Juge d' instruction Woltz ënner Drock gesat hätt, fir den Dossier Bommeleeër zouzemaachen. Wéi gewinnt an de leschten Deeg konnt de Luc Frieden sech un e geneeë Wuertlaut net erënneren, huet och dementéiert, hien hätt den Dossier wëllen zou gesinn. An heiansdo gouf et eng Boutade, zum Beispill wéi hie gefrot ginn ass, firwat hien de Procureur ni an dëser Saach encouragéiert, mä en éischter demoraliséiert hätt, du huet de Luc Frieden geäntwert: "Ech kann Iech soen, datt een de Robert Biever iwwerhaapt net kann demoraliséieren" an domat war de Sujet vum Appui, dee gefeelt huet, vum Dësch.
Divergenzen tëscht Frieden a Biever
Am Bommeleeër-Prozess huet de fréiere Justizminister Luc Frieden also op en Neits kontestéiert, datt hien de Procureur Robert Biever an d'Juge d'instruction Doris Woltz ënner Drock gesat hätt, fir den Dossier Bommeleeër zouzemaachen. Dat wier ni seng Intentioun gewiescht, sot de Luc Frieden, hien hätt sech ëmmer nëmme renseignéiert, wéi d'Saach weidergoe giff. Hien erënnert sech och net un de geneeë Wuertlaut vun deene Gespréicher oder wéi dacks se da wierklech waren. 3 bis 4 Mol d'Joer iwwer e puer Joer, hat de Robert Biever jo gesot, hätt de Justizminister ze verstoe ginn, et sollt een ophale mat deem Dossier. Wat de Luc Frieden also esou dementéiert.
Wa vun 3 der 2 nee soen, da bleift nach 1
Virum Luc Frieden hat de fréiere Beamten aus dem Justizministère, de Marc Mathekowitsch, gesot, hie wéisst net, wien 2008 d'Strafvereitelung im Amt aus dem Gesetz gestrach hat. Et hätte nëmmen dräi Leit dat Recht gehat: d'Claudine Konsbrück, hien selwer an de Minister Frieden. Vu datt der zwee – hie selwer an d'Claudine Konsbruck – gesot haten, si wieren dat net gewiescht konnt et nëmmen de Luc Frieden gewiescht sinn, wat dee jo och herno esou hallef zouginn huet.
Kafkaesk huet de Gaston Vogel d' Zoustänn am Justizministère genannt ...
Géint d'Enn vu senger Auditioun huet de fréiere Justizminister op eng direkt Fro nach zouginn, de Pierre Reuland wier eng Kéier privat beim him doheem op engem Iesse gewiescht. Mä de Pierre Reuland hätt vun him keng Assurancë kritt, wat d'Entrave à la justice ubelaangt.
E Méindeg ëm 15 Auer geet et weider mam Prozess: da mam 57. Dag viru Geriicht. Als Zeie geruff: Pierre Reuland a Guy Stebens.