Fir de KlimaschutzDe 15. Mäerz ginn och hei am Land Lycéesschüler op d'Strooss

RTL Lëtzebuerg
An 2 Wochen wëllen an iwwer 40 Länner Schüler fir méi Klimaschutz demonstréieren. Och d'Lëtzebuerger Lycéesschüler dierfe matmaachen.

An enger Circulaire huet den Educatiounsminister Claude Meisch d'Enseignanten doriwwer an d'Bild gesat. Dat schreift d'Lëtzebuerger Wort op sengem Internetsite. Wéi et do heescht, dierften d'Schüler de 15. Mäerz un dëser Demo fir ee bessere Klimaschutz deelhuelen. Et gëtt awer präziséiert, dass et kee schoulfräien Dag ass an déi Schüler, déi matmaachen, mussen och eng schrëftlech Excuse ofginn. De Minister justifiéiert seng Decisioun mam nobelen Zil vun dëser Aktioun, déi vu Youth for Climate organiséiert gëtt. Aus dem Grond wëll de Claude Meisch de Schüler d'Geleeënheet ginn matzemaachen, ouni se wéinst onerlaabtem Feelen ze bestrofen. Donieft kruten d'Lycéeën d'Autorisatioun, baussent de Schoulzäiten, Informatiounsversammlungen iwwert d'Sujet Ëmwelt a Klimaschutz ze organiséieren.

Greta Thunberg zu Hamburg

Fir géint d'Äerderwiermung ze protestéieren, ginn och dëse Freideg nees an enger Rei däitsche Stied Schüler op d'Strooss fir ze streiken. Déi jonk Klimaschutzaktivistin Greta Thunberg aus Schweden ass um Freideg zu Hamburg bei sou enger Protestaktioun dobäi. Aktuell boykottéieren den Ament all Freideg, an Däitschland, awer och a Frankräich an an der Belsch, jonk Leit aus Protest den Unterrecht a fuerderen dass d'Politik endlech a Punkto Klimaschutz reagéiert.

Back to Top
CIM LOGO