Asselborn a Chamber iwwert de BrexitDe Ball läit elo kloer zu London, d'Hoffnung ass bis zu lescht bliwwen

Jeannot Ries
Den Ausseminister iwwerspréngt bewosst de Mësstrauensvotte vun e Mëttwoch den Owend. Huet de Bléck schonn op e Méindeg gericht...
De Jean Asselborn iwwert de Brexit
Den Ausseminister iwwerspréngt bewosst de Mësstrauensvotte vun e Mëttwoch den Owend. Huet de Bléck schonn op e Méindeg gericht...

Wéi geet et elo weider? Kloer ass eent, de Ball läit zu London. Wat awer net heescht, datt sech an Europa keng Gedanken iwwer de Brexit a seng Konsequenze gemaach ginn.

Fir de Lëtzebuerger Ausseminister ginn et 4 Pisten, déi den Ament am Raum stinn.

Reaktiounen aus der Chamber

Bis op de leschten Ament gouf och zu Lëtzebuerg gehofft, datt ee laanscht en Zeenario vum No-Deal komme géif. Sou wäit ass een awer nach net, mä et ass kloer, datt en haarde Brexit, also en Austrëtt ouni Reegelen, ëmmer méi no kënnt.

D'Chamber iwwert de Brexit
Bis op de leschten Ament gouf och zu Lëtzebuerg gehofft, datt ee laanscht en Zeenario vun engem No-Deal komme géif.

D'Oppositioun geheit der Regierung souguer fir, den Eescht vun der Situatioun ze spéit erkannt ze hunn.

Back to Top
CIM LOGO