RIPDe belsche Prënz Wauthier de Ligne ass no laanger Krankheet gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
De Lëtzebuerger Haff ass an Trauer: den direkte Koseng vum Grand-Duc Henri ass am Alter vu 70 Joer verscheet.

Wéi et heescht, ass hien no laanger Krankheet e Méindeg am Spidol zu Tournai gestuerwen. De Prënz Wauthier ass de Fils vum Prënz Antoine de Ligne, dee mat der Prinzessin Alix bestuet war, déi jéngst Schwëster vum Grand-Duc Jean, also d’Tatta vum Grand-Duc Henri.

D’Prinzessin Alix ass virun 3 Joer am Alter vun 89 Joer am Schlass Beloeil verscheet. Si hat 7 Kanner. Si ass 1929 am Colmer Schlass op d’Welt komm a goung wärend dem Zweete Weltkrich zesumme mat hire Gesëschter an hirer Mamm, der Grande-Duchesse Charlotte, fir 5 Joer an den Exil.

D’Famill de Ligne gehéiert zu enge vun den eelsten an illusteren aus der belscher Noblesse. D’Begriefnes vum Prince Wauthier de Ligne ass nächste Méindeg zu Beloeil.

Back to Top
CIM LOGO