Souwuel bei der Quantitéit wéi och bei der Qualitéit léich een ënnert dem laangjäregen Duerchschnëtt. An och fir d’Zukunft geet een dervun aus, datt d’Konditiounen duerch de Klimawandel net méi einfach ginn.
Datt sech d’Baueren am Fong ëmmer iwwert d’Wieder bekloe kënnen, ass gewosst. Wärend et 2021 ze naass war, war d’lescht Joer ze dréchen. 2023 wier iwwerdeems eng Mëschung aus béidem gewiescht, woubäi d’Dréchent an de Reen ëmmer zur falscher Zäit um Rendez-vous waren. De Jean Muller, Direkter vun der Klengbettener Millen, beschreift d’Recolte vum Weess.
“Et ass bëssi ugaange wéi d’lescht Joer mat enger fréier Recolte, mir waren zesummen Enn Juni an de Felder, do huet ee scho gesinn, wat d’Dréchent um Weess gemaach huet. Ech mengen, déi Kären, déi mer virdru gesinn hunn, déi getippt gi sinn, ware ganz kleng Kären. Also déi Dréchent hat schonn een Impakt op de Rendement. An d’Recolte, wéi gesot, ass och fréi ugaangen, mee dunn hate mer déi dräi Woche Reen am Juli an dat huet der Qualitéit wierklech ee grousse Coup ginn.”
Iwwer 90 Prozent vun deem Weess, deen nom Reen komm ass, hätt net méi kënne fir Brout genotzt ginn a wier zu Fudder-Weess deklasséiert ginn. Ma och bei deenen anere Kären huet d’Wieder derfir gesuergt, datt souwuel Qualitéit wéi Quantitéit gelidden hunn. Beim Ertrag géing ee 15 Prozent ënnert deem vun 2022 leien, wat just liicht iwwerduerchschnëttlech gewiescht wier.
Dem Direkter vun der Lëtzebuerger Saatbaugenossenschaft Steve Turmes no misste sech d’Baueren drop astellen, datt an Zukunft extreem Wiederphasen, sief et dréchener oder fiichter, méi laang daueren. Virun deem Hannergrond huet hie véier Punkte genannt, un deenen een usetze kéint. Éischtens d’Flexibilitéit, zweetens de Waasserverbrauch, drëttens d’Kulturen a véiertens de:
“Saatzäitpunkt, verbonne mat der Saatstäerkt, déi muss ugepasst sinn. An ech mengen, et féiert näischt derlaanscht, datt mer mam Saatzäitpunkt mussen no hanne goen, well d’Wanteren ëmmer méi kuerz ginn, respektiv net méi sou kal ginn an d’Kulturen och laang wuessen.”
Tëscht deenen eenzele Regioune vum Land gouf et dann och deels grouss Ënnerscheeder beim Karschnatz. Bei déi generell schlecht Recolte kommen dann och nach déi héich Produktiounskäschten, virun allem beim Dünger. Do war awer och eng gutt Portioun Päsch mat am Spill. Serge Turmes: “Et ass a sech sou, datt traditionell ëmmer am Hierscht virun där neier Saison ginn d’Düngere kaaft, do waren d’Präisser relativ héich. D’Politik huet och Panik gemaach, duerch d’Energiekris géingen d’Düngeren nach méi deier ginn, do huet jidderee sech agedeckt, dat war och eis Recommandatioun. An dunn herno huet sech erausgestallt, datt am Fréijoer, wéi d’Düngeren all opgebraucht waren, do sinn d’Düngerpräisser réischt erofgaangen. Mee do war et ze spéit, do hat de Bauer deen deieren Dünger leider agesat.”
De Krich an der Ukrain, respektiv d’Kärenofkommes tëscht der Europäescher Unioun an der Ukrain huet iwwerdeems och een Impakt op déi niddreg Präisser vun de Kären.
Serge Turmes: “D’Kären aus der Ukrain drécke mëttlerweil a Westeuropa, u sech waren aner Destinatiounen dofir geduecht gewiescht. Mee well déi Kären elo an Europa drécken, ass deene lokale Baueren net direkt gehollef, well lo hu mer ee relativ staarkt Iwwerangebot an Europa.”
Dat entspriechend Ofkommes tëscht der Europäescher Unioun an der Ukrain leeft elo aus. Obwuel dat tendenziell positiv fir d’Lëtzebuerger Baueren dierft sinn, freet ee sech awer net doriwwer. De Landwirtschaftsminister Claude Haagen kritiséiert par Konter d’Behuele vu bestëmmten EU-Länner.
“Ech sinn ëmmer rëm erstaunt, datt mer an Europa dat net fäerdeg bréngen, well do kann een iwwer Plompe fueren. Do muss een natierlech beim Transit aneschters diskutéieren, wou dat dann stockéiert gëtt. Mee wann een d’Zuele kuckt, mierkt een awer, datt bei verschiddene Länner, ouni engem wëllen ze no ze trieden, op eemol Quantitéite fir aner Saache gebraucht ginn.”
Wann elo d’Nopeschlänner vun der Ukrain hir Grenze fir Kärentransporter zoumaache géingen, géif dat den Drëttlänner net hëllefen an déi just an d’Äerm vu Russland dreiwen, dat deelweis gratis Käretransporter offréiert.
Wann elo d’Nopeschlänner vun der Ukrain hir Grenze fir Kärentransporter zoumaache géingen, géif dat den Drëttlänner net hëllefen an déi just an d’Äerm vu Russland dreiwen, dat deelweis gratis Käretransporter offréiert. Enger Partie Betriber dreeën deels zolidd Perten. Virun deem Hannergrond huet de Landwirtschaftsminister Claude Haagen op d’Assurance géint Ausfäll verwisen. Iwwert 450 Betriber hätte Wäerter an Héicht vu ronn 150 Milliounen Euro verséchert. Dat géing awer näischt drun änneren, datt de Secteur sech wéinst dem Klimawandel ëmstelle muss.