
D’Bevëlkerung vun Diddeleng ass an de leschte Jore kontinuéierlech gewuess – vun ëm déi 20.000 Awunner am Joer 2014 op haut ronn 22.000 – an dëse Wuesstem soll och an de kommende Joren unhalen. Elleng mam Projet „NeiSchmelz“ versprécht ee sech iwwer 3.000 nei Awunner.
Eng Stad déi wiisst, brauch och nei, respektiv renovéiert Infrastrukturen, sou den Diddelenger LSAP Deputé-Maire Dan Biancalana. Fir dem Wuesstem an de gesellschaftleche Besoine gerecht ze ginn, setzt d’Gemeng op eng Rei ambitiéis Projeten, déi verschidde Beräicher vum Alldag ofdecken. Déi sinn esou ausgeriicht, datt si virun allem d’sozial Kohäsioun an der Stad stäerke sollen.
„Also eis Strategie ass, dass d‘Stad Diddeleng eng Stad ass an och bleift mat mënschlechen Dimensiounen. Eng Gemeng ass insgesamt fir den intérêt général do an och no bei de Besoine vun de Bierger au sens large, net am intérêt particulier, mee am intérêt général, an ech mengen dat sinn Elementer déi mir an de Vierdergrond setzen, well mengen ech do och d‘sozial Kohäsioun spillt.“
Zentral gesellschaftlech Themen ewéi Wunnen, Bildung, Sport an d’Zesummeliewe stinn am Fokus. Nieft dem neie Verwaltungsgebai fir de Service „Gestion et maintien du patrimoine“, deen administrativ an technesch Servicer op enger Plaz zesummebréngt, ass och an abordabele Wunnraum investéiert ginn. Virop fir Leit a prekäre Liewenssituatiounen – besonnesch fir jonk Leit, Familljen oder Persoune mat limitéierter Mobilitéit. Den Ament stéingen 340 Familljen op der Waardelëscht fir sou eng Wunneng, sou d‘Tamara Cozzi vum Diddelenger Service Logement. Am Mee wäert d‘Waarde fir 40 Leit op een Enn goen.
„Mir kucke wéi laang si si schonn op der Lëscht, mir kucken awer och natierlech wéi prioritär si si. Dat heescht, wéi ass déi Situatioun an där si den Ament liewen, si si Monoparentauxen, sinn et Leit déi ganz schlecht wunnen a Wunnenge mat Schimmel. Dat heescht, all déi Parametere gi gekuckt fir ze wielen, wien déi Wunneng kritt.“
Méi Awunner, heescht och méi Kanner, déi an d‘Schoul ginn. Hei investéiert d‘Forge du Sud direkt an zwee grouss Projet‘en. Am Quartier Baltzing gëtt eng nei Schoul mat integréierter Betreiungsstruktur gebaut. De Projet gouf an enker Zesummenaarbecht mat den Diddelenger entwéckelt a soll fir d‘Rentrée 2029 seng Dieren opmaachen. Parallel dozou gëtt d’Brill-Schoul renovéiert. Hei sti virun allem Sécherheet, Barrièrefräiheet an eng Moderniséierung vun de Raimlechkeeten am Mëttelpunkt. Gläichzäiteg gëtt awer och drop opgepasst, sou de Joel Freitas vum Service Entretien batiment, de kulturelle Wäert vum historesche Gebai aus den 30er Joren ze erhalen.
„Parallel dozou ass gekuckt gi wat hautzedaags vun den Enseignanten aus muss gemaach ginn, fir eebe kënne korrekt Schoul ze halen am Sënn vun de Klassesäll, dass mir do um Standard vun der Technik sinn an do ass versicht gi mat der Architektur, well d‘Gebai ënner Denkmalschutz steet, dat ganzt ënnert den Hutt ze bréngen.“
Och de Sport kënnt net ze kuerz. Mam Ëmbau vum Stade Kennedy gëtt eng modern Sportinfrastruktur geschaaft, déi an 2-3 Joer soll fäerdeg ginn. Nei Indoor-Anlagen, Tennis- a Padelterraine sollen dofir suergen, datt d‘Nofro am Sportberäich ofgedeckt ka ginn.
Ma och un d‘Déieren ass geduecht ginn. En neit Déierenasyl wäert d‘Capacitéite fir d‘Déiere verduebelen a vun Oktober un dat fréiert Gebai niewendrun ersetzen.
Wat all dës Diddelenger Projete verbënnt, ass de Fokus op Nohaltegkeet, energieeffizient Bauen, erneierbar Energien an ëmweltfrëndlech Léisungen, déi am Interêt vun de Leit stinn.