Carte blanche vum Gaston Ternes"Wie wëllt nach Enseignanten?"

Gaston Ternes
"Qui veut encore des professeurs?" Wie wëllt nach Enseignanten? Dat freet de franséischen Erzéiungswëssenschaftler Philippe Meirieu am Titel vu sengem rezente Buch. Eng Fro, déi wéi eng Warnung kléngt. Un d’Politik. Un d'Elteren. Un eis alleguer. Hannert dem Manktem u Léierpersonal verstoppt sech eng méi déif Fro: Woufir ass d'Schoul eigentlech do? Där Fro geet de Gaston Ternes an dëser Carte blanche no.
© RTL

Eng mathematesch Erklärung? Ee Klick. Eng Zesummefaassung? Zwou Sekonnen. Eng fäerdeg Léisung? Generéiert vun enger Maschinn. An esou enger Welt kléngt d’Fro bal logesch: Wie wëllt nach Enseignanten?

Carte blanche vum Gaston Ternes

Mee verwiessele mir net Informatioun mat Bildung, Léisung mat Léierprozess.

Fir de Philippe Meirieu ass dës Fro keng Provokatioun, mee eng batter Feststellung. Et feelt un Enseignanten. An dat ass net nëmmen e Problem vun Zuelen. Et ass eng kulturell Feelentwécklung. Zanter Jore gëtt ëmmer nees déi selwecht Ried widderholl: “nëtzlech Kompetenzen”, “Upassung un den Aarbechtsmaart”. D’Schoul soll séier, effizient a moossbar Resultater liwweren.

Wann dës Logik dominéiert, gëtt Bildung op eng reng wirtschaftlech Funktioun reduzéiert. An do verléiere mir dat Wesentlecht. En Enseignant ass kee Sichmotor mat mënschlechem Gesiicht. En Enseignant ass eng Präsenz. Een, deen encouragéiert. Een, dee fuerdert. Een, dee begleet. Kritesch Denken, Urteelsverméigen, Verantwortung, dat fält net vum Himmel. Dat gëtt geléiert a virgelieft. A genau do läit eppes Grondsätzleches.

Eng Demokratie kann net bestoen, wann hir Bierger einfach nëmme funktionéieren. D’Schoul ass eng Plaz, wou jonk Mënsche léieren nozedenken, ze zweiwelen, Argumenter ofzeweien. An och ze verstoen, datt de Wäert vum Mënsch net nëmmen a senger Notzbarkeet läit.

Eltere wëlle fir hir Kanner e Beruff, mee si wëllen och Urteelsverméigen, Selbstvertrauen. Bildung.

Enseignantë wëlle net nëmme Programmer ausféieren, mee Sënn vermëttelen an deem, wat geléiert gëtt. Wann dee Sënn verluer geet, verléiert de Beruff seng Attraktivitéit.

Kënschtlech Intelligenz verännert d’Schoul, mee ersetzt net dat, wat am Kär vun der Educatioun steet: Relatioun, Opmierksamkeet, Vertrauen. Hannert all Dokter, all Handwierker, all Fuerscher, steet en Enseignant, deen eng Flam ugefaangen huet.

Also: Wie wëllt nach Enseignanten? Mir brauche se méi wéi jee, net géint d’Technologie, mee fir dat, wat keng Maschinn kann: jonk Mënsche begleeden, hinnen hëllefen, hiren eegene Wee ze fannen.

Bildung geschitt net duerch Algorithmen. Mee duerch Mënschen.

Grad haut op den 20. Mäerz, den Internationalen Dag vum Gléck a Wuelbefannen, missten déi alarmant Chifferen iwwer d’Wuelbefanne vun de Kanner a Jonken eis dëse Message virun Aen halen.

Back to Top
CIM LOGO