Background am Gespréich (21. Mäerz)300 Jonker op der Waardelëscht fir ee Logement encadré

Monica Camposeo
E Samschdeg ware Vertrieder vum ONE, Arcus, Solina an den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher invitéiert an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.
Background vum 21. Mäerz: 300 Jonker op der Waardelëscht fir ee Logement encadré
E Samschdeg ware Vertrieder vum ONE, Arcus, Solina an den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher invitéiert an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.

D’Demande fir ee Logement encadré am Grand-Duché ass grouss an d’Waardelëscht laang. Mat 18 Joer ass een um Pabeier zwar volljäreg, ma vill jonk Erwuessener sinn nawell op Hëllef oder Betreiung ugewisen. Besonnesch déi, déi schonns vu Klengem un a Strukture placéiert waren. Wéi gutt funktionéiert d’Prise en charge vun de sougenannte “Careleaver” a wéi eng Perspektiven hu si?

Dat war d’Thema e Samschdeg de Mëtteg an der Emissioun Background am Gespréich mat véier Invitéeën:

D’Direktesch vum Office National de L’Enfance Michèle Bressanutti
De Charel Schmit, Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher
D’Viviane Hansen vun Arcus
Den Daniel Crestani vu Solina

300 jonk Erwuessener waarden op en encadréierte Logement

Aktuell sinn iwwer 500 Jonker oder jonk Erwuessener am betreite Wunnen dran an et geet net duer mat de Wunnengen. Dat sot den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher de Mëtten an der Emissioun Background am Gespréich. D’Waardelëschte wiere konstant héich. Fir de Charel Schmit steet fest, et brauch zousätzleche Wunnraum, virop abordabel Wunnengen an alle Gemengen. Do missten Ännerunge kommen an der Politik. Ee Problem, deen och d’Prestatairen am Beräich vum Logement encadré confirméieren. D’Präisser um Wunnmarché wiere scho laang ee grousse Problem, seet den Daniel Crestani vu Solina. Dat géing et de Prestatairë schwéier maachen, een neie Projet ze starten.

Vill Jonker op der Waardelëscht

Eng 300 Betraffener stinn aktuell op der Waardelëscht fir esou ee Logement encadré, huet d’Direktesch vum Office National de L’Enfance, Michèle Bressanutti, präziséiert. Den ONE, deen dat Ganzt koordinéiert, kréich reegelméisseg Demanden eran vu Jonker, déi aus ganz ënnerschiddleche Grënn net konnten doheem grouss ginn, an och wa se volljäreg sinn, op ee Logement encadré ugewise sinn.

18 Joer, an elo?

Déi sougenannt “Careleaver”, also Jonker, déi an enger Struktur placéiert waren, wieren dacks fragiliséiert, soen d’Vertrieder vun zwee Prestatairen, déi de Logement encadré ubidden. Deels wieren déi Betraffe scho vu Klengem u placéiert, well d’Famill net déi Ënnerstëtzung konnt bidden, déi se gebraucht hätten, esou d’Viviane Hansen vun Arcus. Well d’Mesurë vum Kannerheem mat 18 Joer ophält, missten se dann eigentlech do erausgoen, mam Logement encadré wier awer eng Méiglechkeet geschaaft ginn, och no 18 Joer ënnert d’Äerm gegraff ze kréien, och fir eng Aarbecht ze fannen oder eng Ausbildung ze maachen.

Begleedung eleng geet dacks net duer

Trauma, psychesch Belaaschtungen, sozial Ängschten, Aggressiounen. Déi jonk Erwuesse brauchen dacks méi wéi just eng administrativ Hëllef oder Begleedung. D’ Prise en charge wier ganz individuell, erkläert den Daniel Crestani vu Solina. D’Aarbecht vun de Prestatairë géing awer och dacks doranner bestoen, déi Jonk weider ze orientéieren, zum Beispill un eng psychotherapeutesch Betreiung. Do kéim de Logement encadré u seng Limitten. Wichteg wier, déi Jonk net an deen een oder aneren Tirang ze stiechen, mee ze kucken, wat si seng Besoinen a wat ass déi richteg Moossnam, betount d’Michèle Bressanutti vum ONE.

Net alles schwaarz molen

Positiv wier awer, datt d’Careleaver am Grand-Duché bis 27 Joer d’Méiglechkeet hunn, vun engem Logement encadré ze profitéieren, fënnt de Charel Schmit. Do géingen aner Länner eis beneiden. Et dierft een awer och net alles schwaarz molen, fënnt den Daniel Crestani vu Solina. Vill Jonker géinge vum encadréierte Wunne profitéieren a wieren no e puer Joer prett fir en autonoomt Liewen. Dat bestätegt och d’Viviane Hansen vun Arcus. Et wier net esou, datt jidderee bis 27 géing am betreite Wunne bleiwen. Heiansdo wier et och just eng Saach vun e puer Méint, bis se herno hire Wee um Aarbechts- a Wunnmarché géinge fannen.

De ganze Background am Gespréich kënnt Dir op all eisen Online-Plattformen nach eng Kéier lauschteren, respektiv kucken.

Jonk Erwuessener am soziale Spannungsfeld

“Background am Gespréich” leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d’Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik “Radio” bei Emissiounen “Background” wielen.

Back to Top
CIM LOGO