
Géint 13.15 Auer huet et zu Wëntger op der Haaptstrooss gerabbelt, wéi och hei 2 Autoen anenee gerannt sinn. Hei blouf et allerdéngs beim Materialschued.
An der Weilerbaach, méi genee an der Dikrecher Strooss, haten och 2 Autoe sech ze pake kritt, dat war kuerz viru 17 Auer de Fall. Wéi de CGDIS mellt, gouf heibäi kee verwonnt. Wéinst Stécker déi an der Strooss leien, gouf et vum ACL eng Warnung, dass d’Streck do deels blockéiert ass.
Da gouf et awer och nach 2 Bränn um Dënschdeg de Mëtteg. Eemol stoung eng Poubelle a Flamen, dëst zu Reckeng op der Mess an der rue Jean-Pierre Hilger.
Tëscht Duerscht an dem Duerschter Haischen hat géint 16 Auer e Feld gebrannt. D’Pompjeeë vun Housen, Kiischpelt, Clierf, Pëtschent, Wëntger a Wolz goufen op d’Plaz geruff, fir ze läschen. Och d’Ambulanz vun Housen war virsiichtshallwer mat an den Asaz.