Vun en Dënschdeg op e MëttwochDe CGDIS mellt 3 Accidenter mat am Ganze 6 Blesséierter

RTL Lëtzebuerg
Am Lokale huet et e puer Mol gerabbelt, dat zu Rolleng bei Miersch, zu Kënzeg an zu Rodange.
CGDIS
CGDIS
© CGDIS Archivbild

En Dënschdeg den Owend géint 18.30 Auer ass en Automobilist zu Rolleng bei Miersch mat sengem Gefier an eng Mauer gerannt a gouf blesséiert. D’Pompjeeë vu Lëntgen an déi vu Miersch waren op der Plaz.

Géint 00.15 Auer krute sech zu Kënzeg e Bus an en Auto ze paken. Hei goufen 2 Persoune verwonnt. Am Asaz waren d’Pompjeeë vun Déifferdeng a Käerjeng.

A géint 2.30 Auer ass zu Rodange en Auto an e Bam gerannt, hei sinn 3 Blesséierter ze bekloen. Nieft de Secouriste vu Péiteng, Esch, Diddeleng an Déifferdeng war och den Escher Samusdokter am Asaz. Wéi d’Police e Mëttwoch de Moie präziséiert, koum et no enger Course-poursuite op franséischer Säit, déi bei der Lëtzebuerger Grenz ofgebrach gouf zum Accident. 3 vu 5 Persounen am Won goufe verwonnt, dorënner 2 méi uerg.

Back to Top
CIM LOGO