ChômageDe Chômagetaux ass an engem Joer 12,1% erofgaangen

Sascha Georges
Leschte Mount hunn 15.186 Leit no enger Schaff gesicht.

Op e Joer gekuckt ass de Chômage zu Lëtzebuerg am Dezember ëm gutt 12,1% zeréck gaangen. Dat entsprécht enger Baisse vun 2.097 Persounen.

Leschte Mount hunn 15.186 Leit no enger Schaff gesicht.

De Chômagetaux louch am Dezember 2018 bei 5%.

Vun deem Trend hunn virun allem Jonker, Leit ouni Qualifikatioun an och Persoune profitéiert di scho méi laang ouni Schaff sinn. Hei ass de Chômage tëscht ronn 8 an iwwer 13% jee no Kategorie zeréckgaangen.

Iwwer 4.000 Leit waren an enger Beschäftegungs-Mesure.

Back to Top
CIM LOGO