AdemDe Chômagetaux geet och am Mäerz zeréck

Roy Grotz
Der Adem no goufen et de leschte Mount eng 14.576 Leit, déi eng Schaff gesicht hunn. Par Rapport zu zejoert sinn dat iwwer 4.000 Chômeure manner.

De saisonsbedéngte Chômagetaux läit domat bei 4,7 Prozent, een Taux, deen et zanter dem Joer 2009 net méi gouf.

An alle Kategorië geet d’Zuel vun de Chômeuren zeréck, mee trotz allem maachen d’Laangzäitchômeuren, déi iwwer e Joer no enger Aarbecht sichen, awer nach ëmmer d’Hallschent vun alle Chômeuren aus.

Aktuell ginn et awer och nach ëmmer eng knapp 4.500 Leit, déi an enger vun de Beschäftegungsmesuren ageschriwwe sinn an also net d’voll Pai all Mount kréien.

D’Zuel vun de fräie Plazen, déi bei der Adem opstinn, ass mat bal 12.000 Posten op engem neien Rekord-Niveau. E weidere Rekord ass deen, datt d’Zuel vun de Leit, déi aktuell am Land an engem Betrib schaffen iwwert d’Barre vun der hallwer Millioun geklommen ass.

© RTL-Grafik

PDF: De Pressecommuniqué

Back to Top
CIM LOGO