Déi Decisioun fir de Fernand Kartheiser gouf ewell d'lescht Woch geholl. De Gast Gibéryen huet jo decidéiert, sech aus der aktiver Politik zréckzezéien. Hien hätt sengem Nofollger Fred Keup genuch Zäit wëlle ginn, fir sech anzeschaffen a sech en Numm ze maachen.
Mat der politescher Aktualitéit, der Parteielandschaft an der Press gouf sech um traditionellen adr-Iessen um Enn vum Sëtzungsjoer an der Chamber beschäftegt.
Nei war dobäi, dass d'Ried net vum Gast Gibéryen, mä vun deem sengem Nofollger als Gruppechef vun der alternativ demokratescher Reformpartei an der Chamber, Fernand Kartheiser, gehale gouf:
D'lescht Woch gouf sech op dee Fernand Kartheiser gëeenegt, e Fernand Kartheiser, dee virop dem Gast Gibéryen Merci sot fir dat, wat dee fir d'Partei gemaach huet. Fir weiderzefuere mat der Fro, wéi d'Politik mam Noutstand a Corona-Zäiten ëmgaange wär?:
„Mir hu gewëssen Tendenze fir en Autoritarismus. Mir hunn eng gewëssen Tendenz, fir an déi perséinlech Fräiheeten anzegräifen.“
Mat der klengstméiglecher Majoritéit wären am Parlament déifgräifend Decisioune geholl ginn; d'adr ass fir eng 2/3el-Majoritéit dofir, sou den neie Gruppechef. An deem sengen Ae sech d'Budgetssituatioun dramatesch verschlechtert hätt, woubäi déi scho virdru schlecht gewiescht wär; elo géif et awer grouss Risike gi fir den triple A:
„Den triple A ass vun zentraler Wichtegkeet fir d'Finanzplaz. Kënnt den triple A un d'Wackelen, kënne schwéier Repercussiounen och si fir de Standuert Lëtzebuerg!“
Wat d'Schoul ugeet, hätt de Minister Claude Meisch an de leschte Wochen onverantwortlech gehandelt:
„En huet den Homeschooling onnéideg fréizäiteg opgehalen, dunn A- a B-Gruppe gemaach an dunn déi Gruppen och nach zesummegeféiert!“
Bei der Sécherheet dann ass d'adr géint net-Lëtzebuerger Polizisten:
„Mir hätte gär, dass jiddereen, deen an d'Lëtzebuerger Police kënnt, d'Nationalitéit huet an och Lëtzebuergesch kann!“
Zu de Parteie war et ë.a. d'Ausso, dass d'CSV keng kloer Linn méi hätt an de Premier Xavier Bettel vun der DP mat engem Echec vum leschten EU-Sommet heemkomm wär:
„Mir hunn eng Situatioun, wou Lëtzebuerg am meeschte bezilt an am mannsten erëmkritt, ouni dass et eis haut nach proportional sou gutt géif goe wéi mol fréier. Mä firwat kann ee sou iwwerhaapt verhandelen, dann zréckkommen an dann och nach dat mat enger gewësser Zefriddenheet soen?“
Zu gudder Lescht war et de Constat vum Fernand Kartheiser, dass d'Press net genuch Gehéier fir seng Partei hätt.