
Wann ee wéilt Verännerung kréien, da géing et keen anere gi wéi d’ADR, sot de Fraktiounspresident Fred Keup bei der Presentatioun vun de Kandidate fir d’Europawalen.
Nieft dem Fernand Kartheiser heeschen déi weider Kandidate Jeff Engelen, Sylvie Mischel, Alex Penning, Alexandra Schoos an Nicky Stoffel. Mam Slogan “Fir ee staarkt Lëtzebuerg an Europa” geet ee mat Selbstvertrauen an d’Europawalen.
Duerch 2 Saache géing ee sech vun der Politik vun deenen anere Parteien däitlech ënnerscheeden, sot de Fernand Kartheiser.:
Fir d’ADR wier kloer, dass ee sech net wéilt eng Politik opzwénge loossen, déi net den Interesse vu Lëtzebuerg entsprécht. Dofir misst a Beräicher wéi der Bausse-Sécherheet, der Steier- an der Sozialpolitik eng Eestëmmegkeet bäibehale ginn.
Den Ëmweltschutz wéilt een da pragmatesch, verstänneg an ouni Ideologie virundreiwen. Et wéilt ee sech deemno och an Zukunft géint d’Verbuet vum Verbrenner asëtzen.
Doriwwer eraus ass een der Meenung, dass Europa nees eng zolidd industriell Basis misst kréien an et wéilt een de Meenungspluralismus verdeedegen. Bei Konflikter, wéi ënner anerem an der Ukrain, wéilt een der Diplomatie eng nei Chance ginn.