RTL-Informatiounen no gouf am Huis Clos vum Conseil de Fernand Marchetti als neie Buergermeeschter festgehalen.
Dës Propositioun kritt de Grand-Duc gemaach, deen de sozialistesche Politiker als neie Gemengepapp muss nominéieren.
Op de Poste vum 2. Schäffe réckelt den LSAP-Conseiller Fernand Wies zu Steesel am Conseil no. Éischte Schäffe bleift de Jean Rossy vun der CSV.
Bei der LSAP kéint den Nächst-Gewielten Guy Bausch als Conseiller an de Gemengerot noréckelen, wann hien dëst acceptéiert.
Et war quasi genee virun engem Mount, dass de Jempy Klein seng Demissioun annoncéiert huet, dat no 6 Joerzéngten an der aktiver Politik. 34 Joer laang stoung de Jempy Klein un der Spëtzt vun der Steeseler Gemeng. De studéierte Jurist, deen dëse Mount 78 Joer al gouf, souz och ronn 2 Joerzéngte fir seng Partei an der Chamber a war laang Jore President vum Syvicol.
Bei de Walen 2013 war de Jean-Pierre Klein, dee gebiertegen Heeschdrëffer ass, net méi fir d’Sozialisten am Zentrum ugetrueden.
RTL-NEWS: De Steeseler Buergermeeschter Jempy Klein huet demissionéiert