Gemeng SteeselDe Buergermeeschter Jempy Klein huet demissionéiert

RTL Lëtzebuerg
Et ass d'Zäit vun de politeschen Demissiounen: no bal 6 Joerzéngten an der aktiver Politik, zitt sech de Jempy Klein vu senge Funktiounen zeréck.
© RTL-Archiv

En entspriechend Demissiouns-Schreiwes huet den LSAP-Politiker un de Grand-Duc adresséiert a begrënnt säi Récktrëtt mat gesondheetleche Grënn.

34 Joer laang stoung de Jempy Klein un der Spëtzt vun der Steeseler Gemeng. Bis en neie Buergermeeschter vereedegt gëtt, iwwerhëlt den 2. Schäffe Fernand Marchetti d’Buergermeeschter-Funktioun.

De Jean-Pierre Klein kritt an engem Mount seng 78 Joer.

De studéierte Jurist souz och ronn 2 Joerzéngte fir seng Partei an der Chamber a war laang Jore President vum Syvicol.

Bei de Walen 2013 war de Jean-Pierre Klein, dee gebiertegen Heeschdrëffer ass, net méi fir d’Sozialisten am Zentrum ugetrueden.

Pressecommuniqué

Le conseil communal a été informé en date de ce jour qu’après 56 années au service de la Commune de Steinsel , dont 34 années comme Bourgmestre, Monsieur Jean-Pierre Klein, Bourgmestre, a présenté à S.A.R. le Grand-Duc la démission de ses fonctions de Bourgmestre, et ce pour des raisons de santé. Il a délégué l’Echevin Fernand Marchetti de le remplacer pendant la vacance du mandat de Bourgmestre.

Cette délégation prendra fin le jour de l’assermentation du nouveau Bourgmestre.

Fernand Marchetti

Echevin délégué au remplacement du Bourgmestre

Back to Top
CIM LOGO