
Een Haaptkritikpunkt, deen de Flüchtlingsrot um Accord ubréngt ass, datt virgesinn ass, datt Refugiéen an Zukunft sollen en Deel vum Revis ofgehale kréien, wa si nach a staatleche Strukture wunnen, nodeems si de Statut kruten. Domat géing een d’Autonomie vun de Concernéierten aschränken, sou de Flüchtlingsrot. Och déi aktuell Léisung, bei där d’Flüchtlingen en unilateralen Accord ënnerschreiwen, Indemnitéiten ze bezuelen, wier problematesch. D’Refugiéeë wieren domat rechtlech net ofgeséchert. Am Plaz sollt déi zoustänneg Administratioun ONA e Contrat de bail mat de concernéierte Persounen ënnerschreiwen.
Begréisst gëtt ënnert anerem, datt Famillen, déi Flüchtlinge bei sech ophuelen, solle finanziell ënnerstëtzt ginn. De Flüchtlingsrot vermësst am Koalitiounsaccord awer Moossname fir de Schutz vu Mannerjäregen a fir Vulnerabilitéiten z’erkennen, déi duerch Trauma entstoe kënnen.