Ëmmer nees Kritik un den ZoustännDe Foyer Don Bosco um Lampertsbierg mécht Enn des Joers zou

RTL Lëtzebuerg
Den 31. Dezember dëst Joer wäert den Don Bosco um Lampertsbierg definitiv zougoen.

Dat confirméiert den Immigratiounsminister Jean Asselborn op eng parlamentaresch Fro vun Déi Lénk.

D’Struktur fir Asyl-Demandeure stoung jo méi dacks an der Kritik, wéinst den Zoustänn, déi net immens wieren.

80 Leit si vun der Fermeture betraff. Si krute schonn an engem Bréif vum ONA matgedeelt, dass si bis den 30. November missten aus dem Foyer eraus sinn. Och d’Croix-rouge, déi de Suivi mécht, hätt de Bewunner Bescheed ginn.

Demandeure fir eng international Protektioun, also Leit ënnert dem sougenannten DPI-Statut, respektiv concernéiert Beneficiairen, also BPI-Leit, gi vum ONA relogéiert.

Aktuell huet den ONA a méi wéi 30 Gemengen am Land Accueilsstrukturen an et lafe Gespréicher, fir d’Kapazitéite weider ze erhéijen.

Back to Top
CIM LOGO