Mataarbechter positivDe François Bausch geet a Quarantän

RTL Lëtzebuerg
De Ministère fir Mobilitéit an Travaux publics huet matgedeelt, datt de Minister an deenen nächsten Deeg e Corona-Test mécht.

Ee vu sengen enke Mataarbechter ass nämlech positiv getest ginn.

De François Bausch hätt den Ament keng Symptomer.

Wéinst dëser Quarantaine ass och déi digital Presentatioun vum séieren Tram um Dënschdeg ofgesot.

Back to Top
CIM LOGO