Europäesche GeriichtshaffDe franséischen Energiegrupp Engie muss keng Steieren zu Lëtzebuerg nobezuelen

RTL Lëtzebuerg
Den europäesche Geriichtshaff um Kierchbierg huet en Dënschdeg de Moien d'Decisioun vun der EU-Kommissioun am Dossier Engie annuléiert.

Si hat am Juni 2018 ordonéiert, de franséischen Energiebetrib misst zu Lëtzebuerg 120 Milliounen Euro Steieren nobezuelen. Dat, well d’Steier-Rulingen, déi Engie zu Lëtzebuerg kritt hat, eng illegal Staatsbäihëllef géingen duerstellen. Déi Decisioun ass mam Urteel vun dësem Dënschdeg de Moien definitiv opgehuewen.

Erklärungen zum Urteel vum Michèle Sinner, am Gespréich mam François Aulner

Back to Top
CIM LOGO